Studio 2: "Prisong am Fokus""Mir hu keng Loft fir ze ootmen"

Raphaëlle Dickes
De Prisong Uerschterhaff ass no just 4 Joer u senge Limitten. Iwwert de Firwat ass en Donneschdeg den Owend am Studio 2 beim Pit Everling diskutéiert ginn.
Studio 2: "Prisong am Fokus"
De Prisong Uerschterhaff ass no just 4 Joer u senge Limitten. Firwat ass den Untersuchungsprisong esou voll?

D’Evolutioun vun Fluxen am Untersuchungsprisong Ueschterhaff ass méi séier an d’Luucht gaangen, wéi geduecht. Dat sot d’Caroline Lieffrig, Directrice adjointe vun der Prisongsverwaltung en Donneschdeg den Owend an der Emissioun Studio 2 op der Tëlee. Den Untersuchungsprisong zu Suessem ass knapp 4 Joer no senger Ouverture schonn iwwerfëllt. Am September waren do 432 Leit an Untersuchungshaft, Plaz ass u sech awer nëmme fir 400 Persounen. Dofir goufen och zum Beispill an e puer Zelle Stackbetter bäigestallt, fir d’Capacitéiten unzepassen. Esou, datt do net just zwou, mee 3 Persoune sech eng Zell deelen.

Nächste Summer kéint ganz enk ginn

Dat wär keng zefriddestellend Situatioun fir d’Prisongsverwaltung, ma et misst een d’Capacitéiten upassen, fir d’Detenuen ënner mënschewierdege Konditiounen opzehuelen, erkläert d’Caroline Lieffrig. Aktuell wäre 402 Persounen zu Suessem.

Et géif no Méiglechkeete gesicht, fir esou séier wéi méiglech nei Infrastrukturen opzeriichten. Dat op Staatsterrainen. Well nächste Summer scho kéint et nees ganz enk zu Suessem ginn.

Ma firwat huet Zuel vu Leit um Uerschterhaff esou zougeholl? Eng ganz Rei vu Leit, déi aktuell um Uerschterhaff an Untersuchungshaft séizen, wären do wéinst Drogen a Vol, sou d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue, "wou mer jo och ganz kloer gesot haten am Kader vum Drogendësch, mir géife verstäerkt duerch Policepräsenz géint dës Typpe vun Infraktioun virgoen."

Untersuchungshaft keng Fro vu Kalenner

De Virworf, datt den Uerschterhaff am September wéinst de Summer-Congéë vum Parquet iwwerfëllt wär, wollt de Procureur d’État vum Parquet Lëtzebuerg net esou am Raum stoe loossen. De Parquet géif och de Summer iwwer schaffen, huet den David Lentz betount. "De Fait, ob eng Persoun an Untersuchungshaft bleift oder net, ass net eng Fro vu Kalenner, et ass eng Fro vu Fakten an Elementer am Dossier."

Et wär extrem wichteg, besser Donnéeën iwwer d’Strofdoten ze kréien, fir erauszefannen, firwat den Ament esou vill Leit um Uerschterhaff sinn, seet d’Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng. Et wär wichteg, datt eng Persoun, déi eng Strofdot begaangen huet, dofir sanktionéiert géif. Virun allem, wann en eng Gefor fir déi aner duerstelle géif, misst de Staat reagéieren, betount déi fréier Justizministesch. "Dat ass glaskloer. D’Fro, déi ech stellen, ass déi: gëtt et net nach besser Alternativen och, respektiv wouru läit et, datt den Ament esou vill Leit zu Uerschterhaff sinn?"

«Keng Loft fir ze ootmen”

An engem strubbelvolle Prisong ass et net angeneem ze schaffen. Et wär scho schwéier zu Zwee an enger Zell, zu Dräi géif nach méi Ueleg an d’Feier geschott. Esou beschreift de Samir Djennas, President vun der Associatioun vun de Giischtercher, d’Situatioun um Uerschterhaff. „Mir hu keng Loft fir ze ootmen, d’Detenue selwer hunn och keng Loft fir ze ootmen.” 

De Personalstand wär op enger niddreger Limitt. Et wär keng Zäit fir op d’Leit anzegoen, mat hinnen ze schwätzen. Bei de Profiller, déi beienee léichen, géifen et kulturell Ënnerscheeder, se hätte verschidde kulturell Backgrounden, verschidden Altersklassen, verschidde Charakteren. "Dat kreéiert einfach Tensiounen ënnerteneen". Daagsiwwer kéint et séier héichkachen, erzielt de Samir Djennas.

Et gëtt driwwer nogeduecht fir verschidde Bléck zu Schraasseg, déi duerch d’Ouverture vum Uerschterhaff zougemaach konnte ginn, nees op ze maachen. D’Justizministesch Elisabeth Margue ënnersträicht, datt et do vu Regierungssäit Engagementer géif, fir dat néidegt Personal ze rekrutéieren.

Pläng fir Schraasseg a Giwenech auszebauen

De Plang, fir Schraasseg auszebauen, wär ee Projet d’envergure, deen am lafende Betrib gebaut misst ginn. Dat géif eng ganz Rei Erausfuerderunge mat sech bréngen, gëtt d’Elisbath Margue ze bedenken. Aktuellen Iwwerleeungen no sollt d’Vergréisserung drop erauslafen, datt 672 Detenuen zu Schraasseg kéinten ënnerkommen. Haut wären et eng 450. Ënnert der viregter Regierung gouf scho gekuckt, fir de Projet ëmzesetzen, mee e wär ze deier gewiescht. D’nächst Woch soll d’Commission d’analyse critique nees beienee komme fir ze bewäerten, ob den iwwerschaffte Projet finanziell d’Strooss hält. Et wär ee Projet, deen a Phase géif gebaut ginn. Do léiche mer bei 2040.

Wéinst der aktueller Situatioun besteet awer kuerz a mëttelfristeg de Besoin fir zousätzlech Infrastrukturen. Do misst ee kucken, ob um Terrain zu Schraasseg oder zu Giwenech eppes méiglech wär. "Et ass ëmmer méi einfach op engem Terrain, wou mer schonn drop sinn, wéi en neie Site ze erschléissen", erkläert d’Justizministesch.

Kuerzfristeg schéngt Giwenech de realisteschste Plang ze sinn. Ënner Virbehalt, datt déi zoustänneg Kommissiounen a Gremie matzéien, kéint d’Directrice adjointe vun der Prisongsverwaltung sech virstellen, datt do véier modular Gebaier kéime fir all Kéiers 80 Persounen. Also fir am Ganzen 320. "Mat Loft no uewen, wann et muss sinn", esou d’Caroline Lieffrig.

Firwat just 61 vun 115 Plazen zu Giwenech besat?

"Giwenech ass net eng Fro vu Plaz, mee et ass eng Fro vu Konditiounen", betount de Procureur d’État David Lentz. Net jidderee kéint op Giwenech transferéiert ginn. Dohinner kéinten d’Leit réischt, nodeem se am Prisong zu Schraasseg waren. Um Wee fir nees an d’Gesellschaft reintegréiert ze ginn. "Dat ass eng Tëschestruktur mat ganz strenge Reegelen." Ee gudden Deel vun der Populatioun zu Schraasseg géifen déi Konditiounen net erfëllen. Ënner anerem, well se keng Residente sinn.

Fir d’Sam Tanson vun déi gréng missten awer méi Leit vun der hallef oppener Infrastruktur zu Giwenech kënne profitéieren. Well och si kéime jo aus dem Prisong eraus. "Ech denken, datt dee Resozialiséierungseffekt muss ee primordialen Element vun der Strof sinn. A grad Giwenech preparéiert jo extrem gutt dorop. Sief et, dass se kënnen eraus schaffe goen, datt se an engem vun den Ateliere kënne schaffen. Si sinn an engem Liewen, dat méi no ass zu deem, wat se begéinen, wa se nees erauskommen."

An der Belsch zum Beispill hätt ee rezent decidéiert, datt Strofen, wou just nach 18 Méint ofzesëtze sinn, datt déi dann ënnert dem elektronesche Bracelet solle gemaach ginn. "Ech kéint mer virstellen, dass een zu Lëtzebuerg do Giwenech géif do mat erabréngen. Grad als Alternativ fir Net-Residenten, well mer wëssen, datt et do immens komplizéiert ass."

"Gewielt, fir eng aner Politik ze maachen"

Méi Prisonge bauen wär net d’Léisung, dat sot de Christian Richartz vun der asbl Eran, eraus an elo. Datt méi Leit an de Prisong kéimen, léich och un enger méi strenger Ausleeung vum Strofrecht ënnert der CSV-DP Regierung, esou de Reproche.

"Also ech mengen, datt mer och gewielt gi sinn, fir eng aner Politik ze maachen an der Sécherheet an datt mer dat och amgaange sinn ëmzesetzen duerch méi Präsens vun der Police an duerch d’Acceleratioun vun de Prozeduren», esou d’Reaktioun vun der CSV-Justizministesch. Wéinst dem demographesche Wuesstem misst ee sech laangfristeg Gedanke iwwer d’Prisongscapacitéite maachen. Dat hätt näischt mat falscher Politik ze dinn. Och an den Nopeschlänner géif et eng Tendenz, datt Prisongen iwwerfëllt wären.

Aggressivitéit hätt zougeholl

"Et baut een net e Prison, fir méi Leit eranzekréien, et sinn einfach méi Strofen, déi gemaach ginn. Respektiv schwéier Strofdoten, déi gemaach géifen", huet den David Lentz ënnerstrach. Dee feststellt, datt d’Agressivitéit vun de Leit, déi verhaft ginn, an de leschten 30 Joer immens zougeholl hätt. "Dat ass eng Tatsaach!"

Hie wär vläicht net méi repressiv wéi déi aner, mee manner tolerant, gëtt de Procureur d’État vum Parquet Lëtzebuerg zou. "Et si Gesetzestexter, déi si gestëmmt ginn an et heescht och, déi ze applizéieren. Wann d’Leit gesinn, datt dat net geschitt an datt ee ka Strofdote maachen an dat keng Konsequenzen huet, da gi mer lues a lues a Richtung Anarchie!"

Och d’Giischtercher spieren d’Agressivitéit am Prison. De Samir Djenaas sot, hien hätt a sengen éischte Joren net esou oft «"ils de pute, nique ta mère" héiere wéi a leschter Zäit. «D’Clientèle ännert, d’Hemmschwell ass eng aner, de Respekt hëlt einfach of. Vis-à-vis vun de Co-détenuen, vis-à-vis vum System. Et ass definitiv en anere Profil dobannen."

Si kéint d’Gefill vun de Mataarbechter um Terrain gutt novollzéien, sot d’Caroline Lieffrig. Allerdéngs misst een och déi objektiv Donnéeën analyséieren. "Mir gesinn eigentlech keng permanent Hausse vis-à-vis vun den Aggressioune géint d’Personal", esou d’Directrice adjointe vun der Prisongsverwaltung. Mat 29 Aggressiounen hätt d’Joer 2022 den Héichpunkt markéiert. Säitdeem wär d’Zuel éischter stabil. 2023 goufen et 22 Fäll, 2026 bis elo 17 Fäll. "Dat heescht awer net, datt et kee Problem gëtt", betount d’Caroline Lieffrig. D’Profiller géife méi komplex.

Et géif net just ëm physesch Gewalt goen, mee och ëm déi verbal Gewalt, déi all Dag stattfanne géif, huet de Samir Djennas gekontert. "Géife mir all Dag déi Saache poursuivéieren, déi do stattfannen - ech mengen da misst der nei Geriichter op d’Bee stellen. Eleng nëmme fir deen do Volet ofzedecken."

Besser Infrastrukturen, méi Personal, méi Loft ze ootme fir jiddereen, dat wënsche sech d’Giischtercher. De Justizministère huet der Prisongsverwaltung dëst Joer 42 nei Posten zur Verfügung gestallt. Dat wär méi wéi dat Duebelt wéi déi lescht dräi Joer, seet d’Elisabeth Margue.

Comparution accélérée soll entlaaschten

Duerch d’Comparutioun accélérée – den entspriechende Gesetzesprojet ass um Instanzewee – erwaart d’Regierung sech manner Leit an Untersuchungshaft. Zil wär et, datt déi betraffe Persoun bannent engem Mount no der Festnam virun de Riichter kéim, erkläert d’Justizministesch. Um Uerschterhaff wären d’Leit an der Moyenne dräi an en hallwe Mount laang.

D’Konditioune fir d’Fraen am Block F zu Schraasseg sinn net gutt. Deem sinn d’Autoritéite sech bewosst. Frae mat Puppelcher, Mineuren, vill verschidde Populatiounen, déi deels musse vunenee getrennt ginn. Och wann op verschiddene Plaze Renovéierungsaarbechte virgeholl goufen, sicht een do no bessere Léisungen.

41 Mol koume Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong

Wéinst engem Manktem u Plaz an der Unisec zu Dräibuer goufen dëst Joer schonn 41 mol Mineuren am Erwuesseneprisong zu Schraasseg ënnerbruecht.

D’Konditiounen do wäre vläicht net grad déi selwecht wéi zu Dräibuer. Och well spezialiséiert Personal fir den Ëmgang mat Mineuren net de ganzen Dag iwwer kéint op der Plaz sinn, fir si ze encadréieren. Et wär delikat a méi ustrengend, mat Mineuren am Prison ze schaffen, esou d’Erfarung vum Samir Djennas.

"Mijeuren" aus dem Ausland

Datt Mineuren an den Erwuesseneprisong kéimen, léich och un de sougenannte "Mijeuren", preziséiert den David Lentz. Leit, déi behaapte géifen, si wäre Mineur, déi awer Majeur wieren. "Mir hu ganz vill Leit, déi heihinner kommen, déi keng Pabeieren hunn an déi och kee Lien mat Lëtzebuerg hunn. An déi och dovunner ausginn, datt se ganz anescht behandelt ginn, wa se an d’Kategorie Mineur falen." Dat krasst Beispill wär eng Persoun, déi behaapt hätt, si wär 14 Joer al. Vun Europol wär ee gewuer ginn, datt se der 40 hat. Et géifen awer och Clanen am Ausland, déi Jugendlecher fir Abréch an Déifstall op Lëtzebuerg schécken.

De Procureur d’État schwätzt awer och vu Mineuren zu Dräibuer, déi net ze bändege wären, wou d’Unisec selwer froe géif, fir se op Schraasseg ze huelen, fir d’Personal ze schützen.

Schraasseg ass net dee richtege Kader fir Mineuren, do waren d’Invitéë vum Studio 2 sech eens. Et géif intensiv um Projet Jugendprisong zu Dräibuer geschafft. Bis d’Gesetzer vum Jugendschutz a vum Jugendstrofrecht do wären, misst een dat Bescht maache fir Mineuren, déi op Schraasseg kommen, beschtméiglech ze encadréieren. Och géif ee kucke fir separat Infrastrukturen ze schafen fir Jonker, déi aktuell zu Dräibuer sinn, well si net eng Gefor fir déi aner, mee fir sech selwer duerstellen.

Back to Top
CIM LOGO