
E Polizist, e Cowboy, en Indianer oder e Bauaarbechter: Mat hire Kostümer waren d'Village People an de 70er Joren net ze iwwerblécken. An och hir Lidder sinn nach haut bekannt. „Y.M.C.A.“, „Macho Man“ oder „In the Navy“ sinn zu Disco-Klassiker ginn.
De Victor Willis war de Polizist op der Bün an eng vun den zentrale Figure vun der Grupp. Zesumme mam Produzent Jacques Morali huet hien u verschiddene vun hire gréissten Hits matgeschriwwen.
D'Village People sinn 1977 entstanen a ware mat hire markante Kostümer a Macho-Rollen direkt erëm ze erkennen. Ufanks war d'Band virun allem op en homosexuellt Publikum ausgeriicht. 1978 koum mat „Y.M.C.A.“ de groussen internationalen Duerchbroch. E Lidd, dat d'Village People weltwäit bekannt gemaach huet an dat bis haut enk mam Disco-Sound vun där Zäit verbonnen ass.
1980 huet de Victor Willis d'Band verlooss. An de Joren duerno hat hie mat Drogeproblemer ze kämpfen. 2017 ass hien nees bei d'Village People zeréckkomm.
An de leschte Jore war d'Musek vun der Grupp och ëmmer nees bei de Walkampf-Optrëtter vum US-President Donald Trump ze héieren. Am Januar 2025 sinn d'Village People souguer bei enger Party viru senger Amtsféierung opgetrueden.
Bis an déi lescht Jore stoung de Victor Willis nees mat der Band op der Bün. De Sänger ass den 1. Juli no kuerzer, awer aggressiver Krankheet gestuerwen.