Huet ënner anerem fir Travis Scott, Drake an Eminem produzéiertHip-Hop-Produzent Tay Keith am Alter vun 29 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den 29 Joer ale Museker huet d'Beats fir eng ganz Rei Staren aus der Hip-Hop-Zeen produzéiert. En Donneschdeg gouf hien dout a senger Wunneng zu Nashville fonnt.
© DAVID SWANSON/AFP

Seng éischt Kollaboratiounen hat de Brytavious Lakeith Chambers, wéi den Tay Keith mat biergerlechem Numm heescht, mam Rapper Blac Youngsta. Duerch Produktioune fir Kënschtler wéi Drake, Travis Scott, Eminem, Lil Baby oder Gunna, ass hien 2018 eng éischte Kéier dem breede Public méi bekannt ginn.

En Donneschdeg ass hien dout a senger Wunneng zu Nashville am Tennessee fonnt ginn. Déi genee Doudesursaach soll mëttels enger Autopsie gekläert ginn, d'Police huet eng Friemawierkung ausgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO