D'TALI ass mat senger Band op hirer éischter international Tournée, wou si als Virgrupp vun der irescher Sängerin Ellie Sherlock spillt. Si trieden zu Köln, Wien, Warschau, Stuttgart oder Prag op. Si seet: "Et ass meng alleréischt Show an Däitschland. Ech freeë mech wierklech drop. Ob Ech nervös sinn? E bëssen, jo, e bëssen."
D'Musekerin weist sech houfreg: "Ech fille mech gutt. Ech fille mech super. Ech mengen, et ass wierklech interessant, datt meng ganz Ekipp hei bei mer ass. An et ass meng éischt Tour. Ech freeë mech drop."
Als Virband vu Duran Duran opzetrieden, gesäit d'TALI als grouss Chance: "Ech sinn den Opener fir Duran Duran, wat wierklech cool ass. Mol kucken, wéi et geet. Et ass eng riseg Band an ech si mat hinnen opgewuess, well meng Eltere grouss Fans vun Duran Duran sinn. Ech mengen, déi meescht Eltere hunn Duran Duran gär. Et wäerten also cool Spectateuren dobäi sinn, eng méi mature Audienz. Ech freeë mech drop, si kennen ze léieren a meng Musek zu där Aart vu Vibe ze presentéieren".
De Make-up-Artist Luca Di Michele huet ervirgehuewen, datt d'TALI him "blann vertraut" an him "Carte blanche" gëtt, fir de Look un d'Kleedung unzepassen.
Fir dat ganzt Team ronderëm TALI bleift d'Freed op a virun der Bün grouss. D'TALI setzt domat ob e gelongenen "nation branding" fir d'Lëtzebuerger Musekszeen am Ausland.