Am TaktSpezial LSC - LIVE aus der Rockhal

Loïc Juchem
Fënnef Deeg virun der grousser Finall mellt sech de Radio e Méindeg den Owend tëscht 19 an 21 Auer LIVE vum Belval.
© Grafik RTL

Dëse Samschdeg ass et souwäit, dann ass déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest. De Radio ass haut schonn an der Rockhal fir en “Am Takt Spezial”.

D’Kandidate si schonn zanter Deeg esou richteg mat de Prouwen amgaangen, et geet schliisslech ëm den Ticket fir op de Eurovision Song Contest op Wien. Mir fillen de Bols virun hirem Optrëtt a kucke mat hinnen no vir op d’Show. Net nëmme stëmmlech muss de Weekend alles passen, mee zu der Show gehéiert natierlech och déi ganz Choreografie a vill Bünepresenz. Wéi fillt sech dat alles un? Wat geet an den aacht Kandidate vir? A wéi ass d’Stëmmung tëscht de Finalisten? Dat alles wëlle mir e Méindeg den Owend gewuer ginn.

“Am Takt Spezial” LIVE um Radio, op RTL.lu oder RTL Play vun 19 bis 21 Auer mat den LSC-Finalisten, moderéiert vum Loïc Juchem.

Klickt hei, fir Ären Ticket ze kafen
© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO