Sandra Kim a Laura ThornWeider grouss Nimm fir de Luxembourg Song Contest ugekënnegt

RTL Lëtzebuerg
De Luxembourg Song Contest de 24. Januar an der Rockhal kritt nach weider prominent Highlighten dobäi.
D'Annonce vum Sandra Kim hirem Optrëtt.
D’Annonce vum Sandra Kim hirem Optrëtt.
© RTL

No der Ukënnegung vum ESC-Gewënner JJ sinn elo nach zwee weider aussergewéinlech Optrëtter confirméiert, fir eng onvergiesslech Eurovision-Nuecht.

D’Laura Thorn, d’Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest vum leschte Joer, kënnt zeréck op d’Bün vun der Rockhal. Si presentéiert hire ganz neie Song “Not On Me” an huet zousätzlech eng Iwwerraschung derbäi, déi exklusiv an der Live-Show gewise gëtt.

E weidere grousse Moment vum Owend ass den Optrëtt vun Sandra Kim. Déi belsch Kënschtlerin huet de Concours Eurovision de la Chanson zu Bergen an Norwegen gewonnen a wäert hire legendäre Gewënnersong “J’aime la vie” sangen, dat 40 Joer no hirer ESC-Victoire. Eng richteg Eurovision-Legend, déi fir vill Emotiounen an Nostalgie wäert suergen.

Mat dësen neien Ukënnegunge weist de Luxembourg Song Contest nach eng Kéier, datt e méi ass, wéi just e Concours tëscht aacht Finalisten. Déi grouss Live-TV-Show an der Rockhal bréngt aktuell ESC-Staren an ikonesch Sänger aus der Geschicht vun der Eurovision zesummen op eng Bün.

Eng aussergewéinlech Nuecht – live an der Rockhal.

D'Annonce vum Laura Thorn hirem Optrëtt.
D’Annonce vum Laura Thorn hirem Optrëtt.
© LSC
© RTL Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO