24. Januar an der RockhalDen ESC-Gewënner JJ live beim Luxembourg Song Contest

RTL Lëtzebuerg
De 24. Januar gëtt d'Rockhal nees zur grousser ESC-Bün: Beim Luxembourg Song Contest trieden aacht Finalistinnen a Finaliste mat hire Songs géinteneen un.
Den ESC-Gewënner JJ.
© FABRICE COFFRINI AFP

De Gewënner oder d’Gewënnerin – ermëttelt duerch Publikums- a Jury-Voting - wäert Lëtzebuerg jo beim Eurovision Song Contest zu Wien vertrieden.

Den LSC ass awer méi ewéi nëmmen e Concours: déi grouss Tëlee-Show bitt e spektakuläre Kaderprogramm viru Live-Public an der Rockhal. Schonn ugekënnegt sinn d’RTL-Presentateuren Raoul Roos, Loïc Juchem an déi bekannt Schauspillerin Hana Sofia Lopes, souwéi de Fun- a Stëmmungsduo MariKo.

Elo kënnt nach en absolutten Highlight dobäi: och den ESC-Gewënner vun 2025 den Johannes “JJ” Pietsch wäert Deel vun der Show sinn! Den aktuelle Gewënner vum Eurovision Song Contest trëtt zu Lëtzebuerg op a wäert ënner anerem säi Gewënnersong “Wasted Love” performen.

E spannenden ESC-Owend – live an der Rockhal. Tickete sinn nach ze kréien. Wie live dobäi wëll sinn, sollt sech elo séier seng Plaz sécheren!

Back to Top
CIM LOGO