Stoung hannert Stare wéi Aretha Franklin a Bruce SpringsteenUS-Musek-Mogul Clive Davis am Alter vu 94 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Rezent haten US-Medien nach gemellt, dass de fréiere Chef vu "Columbia Records" mat Otemschwieregkeeten hospitaliséiert gouf.
De Clive Davis am Februar 2026 op engem Gala am Virfeld vun de Grammy Awards
De Clive Davis am Februar 2026 op engem Gala am Virfeld vun de Grammy Awards
© PATRICK T. FALLON/AFP

Den US-Musek-Mogul Clive Davis ass gestuerwen. D'New York Times huet rezent geschriwwen, dass de 94 Joer alen Davis mat Otemprobleemer hospitaliséiert gouf. Elo hätt dem Musek-Manager seng Famill dem Clive Davis säin Doud géigeniwwer der Zeitung confirméiert.

Wärend senger Karriär war den Davis ënner anerem Chef vum Plackelabel "Columbia Records". Hie stoung als Musek-Manager hannert Stare wéi ënner anerem Aretha Franklin a Bruce Springsteen.

Back to Top
CIM LOGO