
Dobäi huet seng Karriär alles anescht wéi klassesch ugefaangen. Hien huet de Baccalaureat dräimol net gepackt a gouf esouguer aus dem Centre de formation des journalistes ausgeschloss. Trotzdeem huet hie säin Zil, Journalist ze ginn, net opginn. Ufanks vun den 1950er Jore koum hie beim Figaro ënner a konnt sech do lues a lues als Journalist etabléieren.
Méi spéit huet hien och bei France-Soir, Paris Match an anere franséische Medien geschafft. Seng ganz grouss Popularitéit koum awer duerch de Radio. Ufanks den 1960er Jore war de Philippe Bouvard schonn op Radio Luxembourg ze héieren. 1977 huet hien dunn op RTL Les Grosses Têtes lancéiert. Eng Emissioun, déi zu engem Kultformat sollt ginn, a mat där säin Numm bis haut enk verbonnen ass. Mat enger Ënnerbriechung huet hien d’Sendung bis 2014 presentéiert, am Ganze ronn 37 Joer.
Mee och op der Tëlee huet hie seng Spueren hannerlooss. Mam Théâtre de Bouvard, dat an den 1980er Joren op Antenne 2 gelaf ass, huet hien eng Plattform geschaf, duerch déi eng Rei Kënschtler an Humoristen engem grousse Public bekannt gi sinn. Bis an den héijen Alter ass de Philippe Bouvard de Medien trei bliwwen. Eréischt am Januar 2025 ass hien no ronn 60 Joer Carrière an d’Pensioun gaangen.
Mat sengem Witz, senger Schlagfäerdegkeet a sengem ganz eegene Stil ass hie fir e puer Generatiounen zu enger vun de bekanntste Perséinlechkeete vum franséische Radio ginn.