A genee enger Woch kritt d'Lëtzebuerger Schrëftstellerin Anise Koltz de ganz renomméierte „Prix Goncourt de la Poésie“ iwwerreecht.

Et ass eng ganz besonnesch Unerkennung an Éier fir hir Wierker.

Déi 89 Joer al "grande Dame" vun der Lëtzebuerger Literatur krut scho vill Auszeechnunge fir hir Gedichter, notamment de "Prix de littérature francophone Jean-Arp" an de "Prix Robert Ganzo", wou si als eng "vun de wichtegste Stëmme vun der franséischer Sprooch" genannt gouf.

De 4. Mee kënnt also elo nach de Prix Goncourt fir hiert Liewenswierk derbäi.

Mir hunn en Donneschdeg bei enger Liesung mam Lambert Schlechter zu Beetebuerg mat der Schrëftstellerin geschwat.

Wat war dann hir éischt Reaktioun op dës besonnesch Auszeechnung?

AUDIO: Extrait Anise Koltz (1)

Scho vun 8 Joer un, soubal si di éischt Buschtawe geléiert hat, huet d'Anise Koltz ugefaangen, mat schreiwen. D'Schrëftstellerei hat zanterhier ëmmer eng ganz besonnesch Plaz an hirem Liewen.

AUDIO: Extrait Anise Koltz (2)

Trotz allen Elogen ass d'Anise Koltz bescheide bliwwen. D'Schreiwen ass a bleift fir si eppes ganz Perséinleches.

Dobäi war net d'Franséischt mä däitscht, déi Sprooch an där se sech fir d'éischt ausgedréckt huet. Traureg Erfarungen aus dem Zweete Weltkrich hunn dat geännert.

Och de Lambert Schlechter, deen d'Anise Koltz zënter méi wéi 40 Joer kennt, hat mat Däitsch ugefaangen ier en an d'Franséischt gewiesselt ass. Datt de Genre vun der Lyrik de grousse Publikum net ëmmer erreecht, ass am Fong Schued.

Och wann et den Ament net esou gutt mam Schreiwe geet, si fir d'Anise Koltz d'Gedichter genau dee Genre an deem se sech ausdrécke kann.