D'Kofferminn zu Stolzebuerg

Stolzebuerg war fréier wäit iwwert d'Grenze fir de Kofferofbau bekannt. 1,5km vum Dierfche wech fënnt een nach d'Iwwerreschter vun der Kofferminn.
Et war déi eenzeg Kofferminn, déi et hei am Land gouf an déi ëmmer nees nei Investisseuren ugezunn huet. Ma de grousse Problem war d'Waasser, dat d'Galerien ëmmer nees iwwerschwemmt huet. An esou huet d'Gruef iergendwann hir Dieren zougemaach.
Virun 20 Joer gouf een Deel vun den ënnerierdesche Galerien dem Public opgemaach. Hei kréien d'Visiteuren op eng authentesch Aart a Weis gewisen, wéi d'Mineure fréier, ënnert ganz schwierege Konditiounen, ënnerierdesch geschafft hunn. De Fernand Zanter, President vum Syndicat d'Initiative Stolzebuerg:
"Déi éischt Konzessioun gouf 1717 ausgestallt an déi lescht Ofbauperiod huet vun 1938 bis 1944 gedauert. Déi ënnerierdesch Galerië sinn op 12 Etage verdeelt. Deen déifste Punkt ass op -169 Meter."
D'Visiteure kommen elo bis op den Niveau -3, dat si 50 Meter ënnert dem Buedem. De Recht vun de Galerië steet ënner Waasser. Fir d'Visitt gëtt een dann och deementspriechend equipéiert:
"Éier d'Leit an d'Galerien erofginn, gi si equipéiert. Si kréie Stiwwelen un, si kréie Reenjacketten an Helmer."
Et soll een och wëssen, dass hei eng Temperatur vu knapp iwwer 10 Grad ass, dat heescht, et soll een elo vläicht net am T-Shirt an an der kuerzer Box oder am Summerräckelchen do untrieden. D'Koffergrouf ass ëmmer vun Ouschtere bis Enn Oktober op.
"D'Visitte sinn an der Vir- an Nosaison ëmmer Sonndes a Feierdeeg um 14 Auer a wärend de Summerméint, vu Mëtt Juli bis de 27. August, ass all Dag eng guidéiert Visitt um 14 Auer programméiert. Awer d'Leit mussen hir Ticketen online reservéieren."
Den Tuer dauert am Ganzen 3 Stonnen an et sollt een nach gutt ze Fouss sinn, well hei heescht et ënnert anerem Trape goen. Tickete kritt Dir online.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn
Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem
Den Tipp vun e Mëttwoch:After-Work mat de Mille Giedelen
Den Tipp vun en Donneschdeg:3. Phas vun der Expo "Voie 15" an de Rotonden
Den Tipp vun e Freideg:Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer
Den Tipp vun e Samschdeg:D'Schlassfest zu Aansebuerg