D'Schlassfest zu Aansebuerg

Wat viru méi wéi 33 Joer als klengt Fest ënner Kolleegen ugefaangen huet, ass mëttlerweil fest etabléiert: D'Schlassfest zu Aansebuerg.
All Joer treffe sech hei déi verschiddenst Kulturen a Länner fir zesummen e flotten Dag ze verbréngen. En einfacht Konzept, dat bei de Visiteure gutt ukënnt.
Beim Schlassfest zu Aansebuerg steet als éischt mol dat Kulinarescht am Mëttelpunkt. Hei kann een de ganzen Dag iwwer op deene verschiddene Stänn Spezialitéiten aus verschiddene Länner schmaachen. De Christophe Déage:
"La particularité de la fête du Château d'Ansembourg, c'est que les gens viennent avec leurs produits: la Suisse avec la raclette, l'Italie avec la pizza (ils vont faire la pizza sur place), l'Espagne avec la Paëlla qu'ils vont faire aussi avec les produits du pays, la Belgique, le Portugal avec les produits du Portugal et il y aura aussi les crêpes de Bretagne, les Antilles avec les accras, des produits distillés et on pourra aussi manger des spécialités du sud-ouest, du magret, du foie-gras, des assiettes du sud-ouest."
Donieft fënnt een hei awer och artisanal Produiten, souwéi och eng ganz Panoplie u musikalescher Animatioun.
"Nous aurons notamment une démonstration de tango argentin avec un historique du tango, et pour ceux qui le souhaitent, une initiation au tango, Et il y aura aussi une présentation d'une danse avec un éventail."
Ma och Hip-Hop sou wéi Operngesang gëtt et hei. Et dierft also fir jiddereen eppes dobäi sinn.
Eng Visitt vum Aansebuerger Schlass lount sech definitiv awer och fir an d'Geschicht vum Site anzedauchen, déi schéi Gäert ronderëm d'Schlass ze bewonneren an eng interessant Expo iwwert d'Aktivitéite vun der Fondation Coeur Vert kennenzeléieren.
Rendez-vous deemno e Sonndeg vun 11 bis 18 Auer um Schlassfest zu Aansebuer. Parke kënnt Dir op der Plaz.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn
Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem
Den Tipp vun e Mëttwoch:After-Work mat de Mille Giedelen
Den Tipp vun en Donneschdeg:3. Phas vun der Expo "Voie 15" an de Rotonden
Den Tipp vun e Freideg:Hobby-Nuetsmaart zu Esch-Sauer