Performance-Brunch "Patati Patata"

Beim Performance-Bruch "Patati Patata" erwaart een eng kulinaresch Matinée mat artistesche Performancen an engem Véier-Gäng-Menü ronderëm d'Gromper.
Am Kader vum 15. Gebuertsdag vum STUED Theater zu Gréiwemaacher presentéiert de Kënschtlerkollektiv MASKéNADA zesumme mat der éisträichescher Kënschtlerin Regina Picker, den 13. an de 15. August, eng kulinaresch Matinée mat 5 verschiddenen artistesche Performancë kombinéiert mat engem Véier-Gäng-Menü ronderëm d'Gromper.
"Patati Patata" - sou den Numm vun deem sougenannte Performance-Brunch, dee sech un déi ganz Famill riicht. Den artistesche Programm hei ass immens ënnerschiddlech a bitt u sech fir jiddereen eppes un. Ugefaange mat musikalesche Performancë wéi den Duo Klemke&Bentz mat der Opersängerin Alexandra Bentz an dem Gittarist Samuel Klemke, déi ee mat op eng kulinaresch Museksrees huelen. Oder awer och de Laurentius Reiner aus Éisträich, dee mat senge Vollekslidder a Gejodels d'Leit ënnerhält. Dat ass awer nach net alles, d'Laetitia Lang vu MASKéNADA:
"Dann hu mer nach d'Autorin mat dobäi, d'Mandy Thiery, wat grad dobäi ass, d'Geschicht vum Kartoffelkönig ëmzeschreiwen an deen dann och virliese wäert. De Clownsduo Jac&Joe hu mir mat dobäi, déi wäerten duerch hir Mimik an hir Komik der Gromper souzesoe Liewen anhauchen. An zum Schluss hu mir nach e Komikerduo, den Dan an d'Angie, déi eis e puer Anekdoten aus hirem Liewe wäerten erzielen, déi sech och alleguerte ronderëm d'Gromper dréinen."
D'Konzept vum Performance-Brunch gouf well 2014 vum Regina Picker, zesumme mat enger Kolleegin, op d'Bee gestallt. Et ass awer déi éischte Kéier, dass dëst Format de Wee op Lëtzebuerg fënnt. Wéi ee sech den Oflaf vun esou engem Performance-Brunch virstelle kann, erkläert d'Regina Picker eis am beschte selwer:
"Es ist so, also Besucher oder Besucherin, wenn man zum Format kommt, bekommt man einen Begrüssungssnack. Also die Idee ist, dass Kulinarik und Kunst ineinandergreifen. Danach bekommt man 2 Arbeiten zu sehen, dann gibt's eine kleine Pause wo wieder etwas serviert wird, wo man sich stärken kann. Und dann gibt's wieder weitere künstlerische Arbeiten."
Zum Schluss sëtzen d'Kënschtler da mam Public zesumme bei engem groussen Dësch an do besteet dann d'Méiglechkeet, zesummen iwwert dat ze diskutéieren, wat ee wärend deene verschiddene Performancë gesinn huet. Wie sech hei Theater am klassesche Sënn erwaart, deen iert sech deemno. D'Visiteure ginn dann och wärend dem Performance-Brunch vun engem Raum an deen nächste gefouert, wou jeeweils eng Performance op si waart.
Wann Dir interesséiert sidd beim Patati Patata zu Gréiwemaacher dobäi ze sinn, da mellt Iech um Site vu MASKéNADA un, wou Dir iwwregens och den Detail vum Menü fannt.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide
Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech