Filmfong24 Projete kréien eng finanziell Ënnerstëtzung - Iwwer 10 Milliounen Euro gi bäigesteiert

Joel Detaille
Direkt 3 Projete kréien eng Enveloppe vun 1,5 Milliounen Euro.
© RTL

D'ganz lescht Woch iwwer war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees beieneen. Do gouf decidéiert, dass zwou Dose Film-Projeten an der zweeter Sessioun vun dësem Joer finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn. Sief et fir d'Schreiwe vun engem Dréibuch, den Developpement oder d'Productioun.

10 Filmer vu lëtzebuergeschen Auteuren oder Realisateuren goufen zeréckbehalen. Déi ganz finanziell Enveloppe fir déi 24 Projeten beleeft sech op ëmmerhin eppes méi wéi 10,7 Milliounen €.

PDF: Iwwersiicht mat alle Projeten, déi eng finanziell Ënnerstëtzung kréien

Back to Top
CIM LOGO