En Tour duerch d'Stad28 Joer Unesco-Weltkulturierwe Stad Lëtzebuerg

Tim Morizet
Zanter 1994 sinn d'Festungsmaueren an déi al Quartieren vun der Stad Lëtzebuerg op der Lëscht vum Patrimoine Mondiale vun der Unesco opgelëscht.
25 Joer Unesco-Weltkulturierwe Stad Lëtzebuerg
Zanter 1994 sinn d’Festungsmaueren an déi al Quartieren vun der Stad Lëtzebuerg op der Lëscht vum Patrimoine Mondiale vun der Unesco opgelëscht.

Hei rassembléiert d’Stad Lëtzebuerg sech tëscht Sitten a Bauten ewéi dem Mont-Saint-Michel an der Normandie oder Stonehenge an England. De ganze Summer iwwer ginn an der Stad Toure vun eisem Patrimoine organiséiert a vum Site-Manager Robert Philippart guidéiert.

Am Mëttelpunkt e Sonndeg stoung d’Aart a Weis wéi de Patrimoine geréiert gëtt:

“Ech wäert Iech e puer Fotoe weisen vu genee dësem Site. Ugefaange mat dëser Fassade. Déi, déi esou jonk sinn ewéi ech, kënne sech warscheinlech nach u verschidden Detailer erënneren.” Vum Knuedler... laanscht d’Chamber, duerch de City Musée... bis an de Rousegäertchen. De Visiteuren gouf net just d’Kulturierwe virgestallt, ma och d’Manéier erkläert, wéi zanter 1994 de Staat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg d’Alstad schützt. An der Stad wieren zanter der Demande fir op d’Unesco-Lëscht ze kommen, grouss Progrèse gemaach ginn.

“Déi touristesch Erschléissungen engersäits vu ganz ville Trëppelweeër, déi gemaach goufen, sief dat e Wenzel-Wee oder d’Unesco-Promenade, mee op der anerer Säit hu mer déi immens Mise en valeur vu Sitten ewéi zum Beispill Neimënster, Mudam, oder de Festungsmusée, d’Festungsmaueren, déi a Stand gesat goufen an d’Kasematten, déi elo ganz an d’Rei gesat ginn an erëm opginn. Et weist wéi sensibel vun alle Säiten hei dru geschafft gëtt”, esou den Historiker a mëttlerweil Touristeguide Robert Philippart.

2,5% vum Territoire an der Stad si klasséiert. Hei gëtt et eng zentral Zon ronderëm d’Alstad, am rouden, an eng Zon Tampon mat Quartieren hei ronderëm. Béid ginn awer vum Plan d’aménagement générale de base d’nämmlecht verwalt. Generell gëllen déi Mesuren, déi zur Protektioun vun der Unesco-Zon gehéieren fir béid. Ma, esou vill Joerhonnerten nom Bau gëllt et authentesch ze bleiwen.

“Et däerf een op jiddefalls ni ‘fake’ ginn. An et däerf een och ni de Patrimoine notzen, fir datt dësen iwwert eppes täuscht oder maskéiert, wat een net wëll weisen. Dat ass eng falsch Route”, fënnt den Historiker.

Dee Sprong ëmmer hinzekréien ass net esou einfach. Mee méiglech.

“Dës Lanter. Muncher kënne sech drun erënneren, virun 2 Joer war op dëser Plaz e Chantier mat Neon-Luuchten. Guer net historesch. Deen Ament huet d’Stad Lëtzebuerg e “Plan d’éclairage” ausgeschafft fir d’Unesco-Zon”, erkläert de Robert Philippart.

Mat neiem Material gouf den Design vun engem fréiere Lëtzebuerger Artist nogebaut.

De Bäitrëtt op d’Lëscht vun den Unesco-Weltkulturierwen deemools wier déi richteg Decisioun gewiescht, esou den Historiker: “Et huet dat areecht, wat virgesi war: e Stolz an eng Identifikatioun mam Lieu. Ech mengen, datt kee vun de Lëtzebuerger dat a Fro stellt. Jiddereen ass immens houfreg dorobber. Wann ee kuckt, wat vum Staat a Gemeng an dëse Punkte geleescht gëtt, ass dat immens impressionant.”

Eng Stad, déi zanter 1994 méi harmonesch gi wier an eng Entwécklung am Respekt mat hiren Originnen.

Back to Top
CIM LOGO