Net nëmmen gouf am Kino den neie Film an der Premiere gewisen, ma villes ronderëm de Film, wéi Snaks a Spiller, haten d'Thema "Mexiko" opgegraff.

Et war keng gewéinlech Film-Premiere am Kineopolis um Kierchbierg. Wéi den neien Disney a Pixar Film "Coco" gewise gouf, deen a Mexiko spillt, hu sech déi Responsabel vum Kino geduecht, och alles ronderëm de Film mam Thema "Mexiko" beschäftegt.

De Film dréint sech ëm de Miguel, deen e grousse Museker wëll ginn an dofir wëll hie säin Idol, den Ernesto de la Cruz treffen. Aus Versinn ass de Miguel an d'Räich vun den Doudege gelongen, wou hien déi eng oder aner Aventure erlieft.