Live Planet People!
Jimmy Martin a Frederick Reichl iwwer Eurovisioun viru 25 Joer!
VIDEO: Live! Planet People
Mam Jimmy Martin a mam Frederick Reischl kucke mir op de leschte Lëtzebuerger ESC-Optrëtt 1993 zeréck. Mam Christine Hansen probéiere mir besser ze schlofen.
Viru 25 Joer war Lëtzebuerg déi leschte Kéier beim Grand-Prix Eurovision de la Chanson mat dobäi.
De Grand-Duché gouf vun der Formatioun “Modern Times” vertrueden, hiert Lidd “Donne-moi une chance” koum ënnert 25 Länner op déi 20. Plaz. De Sänger Jimmy Martin an de Batteur Frederick Reischl erënneren sech un dee grousse Moment an Irland.
Mat Musek aschlofen, dat kann duerchaus hëllefen – seet d’Schlofcoach Christine Hansen. An hirem Buch “Sleep like a boss” gëtt si Tipps wéi ee besser schlofe kann. 70% vun de Leit hunn näämlech Schlofproblemer, déi entweder stressbedéngt sinn oder mat kierperleche Problemer ze dinn hunn.
VIDEO: Live! Planet People
Mam Jimmy Martin a mam Frederick Reischl kucke mir op de leschte Lëtzebuerger ESC-Optrëtt 1993 zeréck. Mam Christine Hansen probéiere mir besser ze schlofen.
Am meeschte gelies