De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet e completéiert Reegelwierk publizéiert. Bis de 15. Januar ka jidderee säin Avis zu där Propos eraginn.

Laang gouf dru geschafft, de leschte Freideg elo huet de CPLL, dat ass de "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise" oder op Lëtzebuergesch de "Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch" en neit, completéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch verëffentlecht.

D'Reegelwierk ass online ze fannen op www.cpll.lu.

Bis elo war et jo esou, datt d'Reegelen iwwer déi lëtzebuergesch Orthographie op zwee Gesetzer baséiert hunn. Déi waren awer scho méi al, dat éischt vun 1975 (Arrêté ministériel du 10 octobre 1975 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise) an dat zweet vun 1999 (Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise), an haten den Nodeel, nach laang net sämtlech Froe beäntwert ze hunn, déi opdauche konnten, wann ee Lëtzebuergesch korrekt schreiwe wollt. Virun allem d'Froen, wéi Friemwierder ze behandele wieren a wéi ee sech beim Verlëtzebuergeschen unzeleeën hätt, goufen doran net eendeiteg gekläert.

Et gouf awer och soss nach eng Rëtsch "wäiss Flecken" an déi soll dat neit Reegelwierk elo fëllen. D'Themeberäicher waren déi heiten:

- De stommen h
- De laangen e
- De stommen e
- Affixen, Diminutiven, Zesummesetzungen
- g, j, ch, sch: D'Verschrëftlechung vun de Frikativlauter
- Getrennt- an Zesummeschreiwung
- Grouss- a Klengschreiwung
- Friemwierder

D'Dokument, dat sech als Propos versteet, bal 100 Säite laang ass an d'Ambitioun huet, all Fall ze reegelen, kann erofgeluede ginn, esou datt jidderee sech e Bild dovu maache kann, wéi déi offiziell Reegele sinn oder villméi kéinte sinn, well de Pabeier versteet sech bewosst als Gespréichsvirlag: Bis de 15. Januar 2019 kann nämlech nach jidderee säin Avis ofginn - einfach per E-Mail un d'Adress cpll@cpll.lu vum CPLL.

Déi Avise ginn da gekuckt an doraus entsteet an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch déi definitiv Versioun. Déi dierft dann och fréier oder spéider an eng offiziell Form gegoss ginn.

RTL

Dat neit Reegelwierk orientéiert sech also un deene Reegelen, déi aktuell a Kraaft sinn, wëll gläichzäiteg Onkloerheeten oder Widderspréch aus der Welt schafen a muss vun dohier och Decisiounen treffen, ëmmerhin huet d'Lëtzebuergescht grad vill gesellschaftlechen a politesche Réckewand an erlieft ee ganz aktiven "Ausbau". Dat schléit sech dann och an eenzele Reegelen néier, wou eng (nei) lëtzebuergesch Schreifweis recommandéiert an enger aner toleréiert gëtt.

Plazeweis féiert dat natierlech zu Schreifweisen oder Transkriptiounen, déi iwwerrasche kënnen, wéi d'Beispiller an eisem Titel weisen, ma si entspriechen dann der konsequenter Ausleeung vun enger Reegel.

Zum Beispill am Abschnitt 4.3 "Verschidde Konsonante mat spezielle Reegelen". Ënnert dem Punkt 1.1.20. "Den h" heescht et no e puer Erklärungen:

Bei enger Partie Wierder gëtt et déi däitsch Form als Variant:

Recommandéiert:
Anung, Erfarung, Feeler, Walen, Leem, fäeg, Faart, Tru, Fön, Bün, Fürerschäin, Seen, wärend, Farleerer, warscheinlech, berüümt, Fernsee, Hellseeër

Variant:
Ahnung, Erfahrung, Fehler, Wahlen, Lehm, fäheg, Fahrt, Truh, Föhn, Bühn, Führerschäin, Sehn, während, Fahrlehrer, wahrscheinlech, berühmt, Fernseh, Hellseher

E puer Changementer erausgegraff

Ënnert dem Punkt 1.1.21.3. beschäftegt ee sech mat der Fro: g oder ch? Bei den Ausname gëtt d'Reegel vu bis elo liicht ugepasst. Prinzipiell gëtt an där Fro nom däitsche Schrëftbild gekuckt, no engem laange betounte Vokal oder Duebellaut, also Dag (dt. Tag), Deeg (dt. Teig, Tage), Juegd (dt. Jagd), aacht (dt. acht), Daach (dt. Dach), allerdéngs mat Ausnamen, well a betounten Endsilben no engem kuerze Vokal steet ch: ewech (dt. weg), Zich (dt. Züge), genuch (dt. genug), Krich (dt. Krieg). Ma opgepasst:

Dat ass net esou, wann et am Lëtzebuergeschen en Zesummenhang mat Wierder gëtt, déi mat g geschriwwe sinn: zegmol, zeg Kéieren (ewéi bei zwanzeg, véierzeg ...), Flug, Flig (wéinst Fliger), Lug (wéinst Ligen), folleg! (vu: follegen)

Bis elo war déi Nuance net virgesinn an et war Fluch, Flich, Luch ...

RTL

Well dat hei e Fliger mat g ass, géif hien an Zukunft dann och e Flug maachen, a kee Fluch méi. Oder awer e Vol ...

Ännerung och, wat de Schluss-n bei geographeschen Nimm ugeet. Am Kapitel 6.4 heescht et dozou:

Den n fält ewech bei geographeschen Nimm, déi mat -en ophalen, mee net bei deenen aneren: an Italie fueren, Spuenierees, an Norwege goen, a Schweede fueren, an Asie wunnen, um Schwaarze Mier, an de Pyrenäe wanderen, an d’Alpe goen, d’Appalache kennen, zu Lëntge brennt et, zu Néngse schéngt d’Sonn, de lëtzebuergeschen Deel vun den Ardenne gëtt als Éislek bezeechent, London war ëmmer d’Haaptstad vun England, zu Berlin lieft et sech gutt.

Bemierkung: Bei Griichenland oder Griicheland ginn et déi zwou Méiglechkeeten.

An déi nei Textpropos kläert dann och, wat mat Adjektive beim Flektéiere geschitt:

Wann e Suffix e Konsonant hanne bäikritt, da gëtt de laange Vokal am Suffix verduebelt, och, wann en net betount ass:
wonnerbaart, positiivt, aarbechtsloost, ideaalt, aktiivt

Zu den Adjektiv-Suffixen, déi hire Vokal kënne verduebelen, gehéieren:
-al: national, phänomenal, fatal
-an: spontan
-ar: atomar, elementar, polar
-at: adäquat, delikat
-än: souverän
-bar: brauchbar, dankbar, éierbar
-id: hybrid, morbid
-iv: positiv, definitiv, massiv
-los: hoffnungslos, gehierlos
-sam: wierksam, gemeinsam, opmierksam

Hei ginn also Ausnamen ofgebaut, bis elo gouf jo z.B. bei -bar, -los a -sam net verduebelt.

An: Ginn d'Vokaler a, i, o , u, ä an ü kuerz ausgeschwat, da gi se eemol geschriwwen, also net verduebelt. Nom betounte kuerze Vokal muss awer méi wéi ee Konsonant stoen. Dee kann also verduebelt ginn, wéi a Resümmee.

Déi, déi sech also scho virdru mat der Rechtschreiwung befaasst hunn, musse sech also punktuell upassen, am Géigenzuch gëtt et op e sëlleche Plaze méi Kloerheet. Op cpll.lu betount de Conseil awer, datt d'Lëtzebuerger Sprooch (wéi iwwregens all Sprooch) a permanenter Entwécklung ass, dofir hätt ee bewosst op Wierderlëschten, wat d'Verlëtzebuergesche vun enger Schreifweis ugeet, verzicht. Hei gëtt op d'Aarbecht vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (www.LOD.lu) verwisen:

A ville Beräicher, virun allem der Abiergerung vu Wierder aus anere Sproochen an eng lëtzebuergesch Schreifweis, ass d'Lëtzebuerger Sprooch a permanenter Entwécklung. An deem heiten Text gëtt dorobber verzicht, Lëschten unzegi vu Wierder mat hirer aktueller Schreifweis; et gëtt dofir op den offizielle Lëtzebuerger Dictionnaire (LD) verwisen, deem seng ablécklech Form de Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass.

Den Text, esou heescht et weider, wier just mat ganz wéinege Fachbegrëffer geschriwwen, esou datt och Laien e verstoe kéinten. Den Usproch wier op alle Fall, "e kohärent Reegelwierk ze schafen, mat deem vill méi orthographesch Fäll wéi bis elo gekläert sinn". Ganz nei wieren d'Kapitele mat de Reegelen iwwer d'Getrennt- an Zesummeschreiwung, iwwer d'Grouss- a Klengschreiwung an iwwer d'Interpunktioun am Lëtzebuergeschen. Déi aner Kapitele wieren zum Deel gehéiereg completéiert ginn, esou de Conseil. Dobäi wieren d'Reegele vun den zwee offiziellen Texter iwwerholl an, mat der eenzeger Ausnam vun der i-oder-u-virum-r-Reegel, net geännert ginn.

Am Abschnitt 3.2. mat dem Titel "D'r-Reegel: u, i, o oder ä virum r" heescht et dann och ënnert dem Punkt 1.1.11. iwwer de Fall vun "i oder u virum r":

Wann den i oder den u virum r laang geschwat ass, da kënnt en e derbäi an deen ier oder uer gëtt als Diphthong geschwat. Den r héiert een dacks net beim Schwätzen, mee e gëtt geschriwwen:

Muert, Hierscht, Fierschter, Kierch, Wiert, Bierg, Tuerm, Bierger, Wuert, duerch, fuerschen, fuerderen, natierlech, Wierder (dt. Wörter), mee: Wieder (dt. Wetter)

Regierung, Nieren, giereg, schmieren, Schmier, Zier

Stier, Zwier, Geschier, Gehier, Tuer, Spuer, Buer, bueren, huerelen, fueren, hie fiert, spueren, hie spuert, e fiert hin an hier

Bier (dt. Birne, Beere, Bär, Bahre), Dier (dt. Tür), dier (dt. dürr), Mier (dt. Meer, Mähre)

hier (dt. her), ier (dt. irr, ehe, bevor), ieren (dt. irren, etwa), en huet sech geiert, ierféieren, Iertum

puere Whiskey, puert Waasser, pueristesch, e Puer Schong, hien ass stuer, dat ass obskuer

Kuer, Kueren, kueréieren

RTL

Dës Autobunn huet 4 Spueren. Bis elo wieren et 4 Spure gewiescht.

Natierlech gëtt et och hei nees Ausnamen, déi sinn awer all gutt nozevollzéien:

d'Pronomen: dir, Dir, mir, hir (dt. ihr, ihre), mee: hiert Haus
vir (dt. vor, vorn), fir (dt. für), zur, Ir – Iren – iresch aus Irland
De Präfix ur-:
ural, Urgrousspapp, Urenkelin, Ursaach, Urmënsch, Urteel
Friemwierder op -ir ewéi Saphir, Souvenir, Vampir
Méisilbeg Substantive mat der Endsilb -ur an hir Flektéierungen an Ofleedungen:
Natur, Kultur, Purpur, Temperatur, Skulptur, Struktur, Tastatur, Tortur, Zensur, Akupunktur, Apparatur, Architektur, Blessur, Prozedur, Figur
Temperaturen, dat Geprozedurs, Geapparaturs, kulturell, strukturéieren, zensuréieren

Bemierkung: Wann den i oder u virum r kuerz ass, kënnt keen e dertëscht:
Hirsch, Wirschtchen, Wurscht, Kirsch
Wirtschaft (Economie), mee: Wiertschaft (Bistro)

An Zukunft muss een also net méi wéi bis elo ënnerscheeden, ob ee Spuren op der Strooss oder d'Spueren op engem Spuerbuch mengt, et gëtt just nach Spuer mat ue. Datselwecht gëllt fir Bier, déi elo fir déi däitsch Wierder Birne, Beere, Bär an och nach Bahre stoe kann, "Bir" fir Birne oder Glühbirne wéi bis géif verschwannen ...

An aus dem Irgäertchen géif da wuel och nees en Iergäertche ginn.

RTL

Si kréien en e bei: An Zukunft wieren also och si Bieren a keng Bire méi ...

Wéi ass deen Text entstanen?

Natierlech kënnt dat neit Reegelwierk net vun ongeféier. Um Terrain gouf et scho méi laang de Wonsch no méi Kloerheet an där gouf sech an Etappe rapprochéiert. Iwwert d'Entstoe vun den neie proposéierte Reegelen heescht et op cpll.lu, datt d'Ausgangsbasis déi zwee Gesetzer anno 1975 an 1999 waren:

Nodeems verschidde Virschléi, fir dorausser een Text ze maachen, keng allgemeng Zoustëmmung fonnt haten, huet den Educatiounsminister 2016 den Optrag un en Expert ginn, fir am Kader vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques) en Texte coordonné vun deenen zwee offiziellen Texter auszeschaffen an eventuell Inkohärenzen a Widderspréch ze identifizéieren. Deen Texte coordonné ass am Fréijoer 2017 dem CPLL virgeluecht ginn.

Parallel dozou huet en Aarbechtsgrupp, deen op Initiativ vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) entstane war, zu enger Partie Kapitele Proposen ausgeschafft, fir Lächer am Reegelwierk ze stoppen. Déi Propose sinn dem CPLL virgeluecht ginn, déi lescht am Summer 2017. Si hunn e Wee gewisen, wéi een déi Fäll kéint reegelen, déi net an den ernimmten zwee offiziellen Texter decidéiert gi sinn.
De CPLL huet aus dem Texte coordonné an de Proposen iwwert déi aacht Themeberäicher eng Synthees gemaach an déi Synthees u véier Experte fir hiren Avis ginn. Dorausser ass deen Text hei hannendrun entstanen.

RTL

D'Reegelwierker dierften deemnächst en "Update" kréien ...