Um Glacis lafen den Ament d'Opbau-Aarbechte fir déi 11. Editioun vun der Luxembourg Art Week, déi hir Dieren den 21. November wäert opmaachen.

Ma de Vir-Programm fir déi grouss Konschtfoire leeft awer schonn zanter dem 15. Oktober. D’Stad gouf rëm zu enger Kuliss fir divers Konschtobjeten an Installatiounen.

D'Skulpturen, déi een um Artwalk fënnt, sinn dacks Propose vu verschiddene Galerien, déi een och am groussen Zelt vun der Art Week erëmfënnt. International wéi national Kënschtler sinn hei vertrueden. D'Anni Mertens ass eng Lëtzebuerger Artistin déi um Boulevard Royal hir Skulptur "Wink To Go" presentéiert, déi si extra fir den Art Walk kreéiert huet.

Fir déi sougenannte Capsulë ginn eidel Vitrinnen an der Groussgaass genotzt, fir Konschtinstallatiounen auszestellen. D’Vitrinne, déi ee souwuel am Dag wéi och Owes ka kucken, sinn an der ganzer Uewerstad verdeelt a ginn dem Stadbild ee kreativen Touch.

Ob grouss oder kleng, faarweg oder méi dezent, d’Capsulë wéi d’Skulpturen zéien d’Blécker op sech. Nach bis den 23. November kann een d’Wierker uechter d’Staat gesinn.