Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg
© Uni.lu
Op der Uni Lëtzebuerg gëtt sech e ganzen Dag laang mat der Sproochesituatioun am Grand-Duché befaasst.
Well d'Sproochen zu Lëtzebuerg an allgemeng d'Sproochsituatioun hei am Land ëmmer méi thematiséiert ginn, organiséiert den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg e ganzen Dag, fir iwwer "Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg" zu diskutéieren.
Dat ass den Donneschdeg, 22. November vun 9.30 Auer u bis no 17 Auer um Campus Belval vun der Uni an zwar an der "Black Box" vun der Maison des Sciences humaines.
Ageluede si Vertrieder vu verschiddene Beruffsbranchen zu Lëtzebuerg. Hir Statementer sollen Abléck ginn an de Status, de praktesche Gebrauch an déi gesellschaftlech Unerkennung vun de verschiddene Sproochen.
Diskutéiert a geschafft gëtt an 3 verschiddene Workshoppen mat allkéiers ënnerschiddlechen Intervenanten:
10:30-12:00 Workshop 1 – Ablécker an de Sproochgebrauch (Moderatioun: Mélanie Wagner)
13:30-15:00 Workshop 2 – Erausfuerderungen (Moderatioun: Christoph Purschke)
15:30-17:00 Workshop 3 – Potential a Perspektiven (Moderatioun: Peter Gilles)
D'Zil vun der Konferenz ass et, méi e geneeën Abléck an déi praktesch Organisatioun vun der Méisproochegkeet an iwwert d'Roll vum Lëtzebuergeschen am Alldag aus Siicht vun den Acteuren ze kréien.
D'Konferenz ass fir jiddereen op. Weider Infoe gëtt et beim Christoph Purschke (christoph.purschke@uni.lu) a beim Mélanie Wagner (melanie.wagner@uni.lu).
D'Gebai vun de Sciences humaines ass dat Gebai vir am Bild (zimlech an der Mëtt). / © Michel Brumat / University of Luxembourg
Ukënnegung op infolux.uni.lu
Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018
Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black BoxReng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D'Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d'Plaz, d'Roll, d'Funktioun an d'Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen ëm d'Lëtzebuergescht och fir d'Regierungsparteien en Thema sinn. Dës Verlagerung vun der Diskussioun ronderëm d'Lëtzebuergescht vun der politescher Marge an den Zentrum gëtt duerch de Gesetzesprojet iwwert d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen zementéiert. Dëse Gesetzesprojet leet d'Fërderung vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch am Kontext vun der Méisproochegkeet an engem 20-Jores-Plang fest an ass dowéinst, reng sproochhistoresch gesinn, wuel den ambitiéiste sproochpolitesche Fërderungsprogramm, dee bis elo vun enger Regierung virgeluecht gouf.
Wärend also vu politescher Säit sou munches fir den Ausbau an de gesellschaftlechen Ancrage vum Lëtzebuergesche gemaach gëtt, weise sech an den ëffentlechen Debatten iwwert d'Sprooch (an d'Méisproochegkeet am Allgemengen) am Land ganz ënnerschiddlech Perceptiounen iwwert hire Gebrauch an der Praxis, hir symbolesch Funktiounen an hir ëffentlech Unerkennung. Wärend déi eng d'Lëtzebuergescht wéinst der ëmmer méi grousser friemsproocheger Communautéit a Gefor gesinn, betounen déi aner, datt d'Sproochcommunautéit, duerch d'Léieren an d'Schwätze vun der Sprooch, stänneg wiisst an doriwwer eraus duerch déi digital Kommunikatioun ëmmer méi Dynamik kritt.
Dës Initiativen, Usiichten, Diskussiounen an Diskurser ronderëm d'Sprooch werfen aus wëssenschaftlecher Perspektiv eng Rei interessant Froen op:
- Wat ass d'Plaz vum Lëtzebuergeschen a Beräicher, an deenen traditionell dat Franséischt oder dat Däitscht méi gebraucht gëtt (z.B. am Droit an um Tribunal, an der Arméi, an der Institutioun vun der Kierch, am Gesondheetswiesen, bei Ponts & Chaussées, an der Wëssenschaft, dem Journalismus, der Cour Grand-Ducale etc.). Wéi gëtt an dëse Beräicher op d'Sprooch(en) gekuckt?
- Wat sinn déi ënnerschiddlech Virstellunge vu Sprooch(en) a Bezuch op hire prakteschen Notzen, hir ëffentlech Unerkennung an hire soziale Prestige?
- Wat fir eng Bedeitung hu kulturell déif verwuerzelt Konzepter wéi 'Mammesprooch' fir tradéiert Diskurser, Institutionaliséierung an Ideologie vu Sprooch? Wéi prägen se eis Opfaassung vum Sproochgebrauch an der Sproochkompetenz a verschiddene Beräicher a wat fir eng Auswierkungen hu se op d'Aart a Weis, wéi mir am Alldag sproochlecht Handelen (eist eegent an dat vun den aneren) bewäerten?
Zil vun dëser Konferenz ass et, vill verschidden Acteuren aus ënnerschiddleche professionelle Kontexter zesummenzebréngen, fir iwwert d'Praxis vum Lëtzebuergeschen a méisproochegen Aarbechtskontexter ze diskutéieren. De sachlechen Diskussiounskontext soll eng objektiv Duerstellung an eng Bestandsopnam vum Lëtzebuergeschen am Alldag erméiglechen.
D'Konferenz ass an thematesch Workshoppen opgedeelt. Pro Workshop presentéieren d'Intervenanten d'Sproochsituatioun an hirem Beräich/Service. Uschléissend gëtt sech an enger guidéierter Diskussioun méi geziilt iwwer verschidden Aspekter ausgetosch. D'Invitatioun vun den Intervenantë fir d'Workshoppen ass ad personam. Déi ganz Konferenz ass awer oppe fir jiddereen, dee sech fir d'Thema interesséiert.
De folgende Froekatalog gëtt eng generell Iddi, wat fir eng Sujeten an de Workshoppen an an der Diskussioun um Programm stinn. En ass zudeem als Hëllef geduecht, fir sech am Virfeld op d'Konferenz virzebereeden.
Allgemeng Froen
- Lëtzebuerg – e méisproochegt Land. Wéi eng Sprooche spillen an Ärem Service / Beräich eng Roll a wéi eng manner? Wouru kéint dat leien?
- Wéi gesäit de Sproochgebrauch am Service / Beräich aus?
Konnt Dir an de leschte Joren eng Verännerung an der Praxis feststellen?
- Wéi eng Sprooche gi benotzt fir ze schwätzen, ze schreiwen?
Gëtt et an Ärem Service / Beräich eng Sproochereegelung oder Sproochepolitik?
- Wat fir eng Mesurë goufe geholl, fir d'Sproochpraxis an d'Sproochkompetenz vun de Mataarbechter ze fërderen?
- Hunn d'Sproochen en Afloss (positiv oder negativ) op d'Aarbecht, déi an dësem Service / Beräich geleescht gëtt?
- Ginn et an der Alldagspraxis Problemer, déi mat der Méisproochegkeet an dem Status/Prestige vun den eenzelne Sproochen ze dinn hunn?
- Wat fir eng Erwaardungen bestinn op Säite vun de Mataarbechter a Clienten a Bezuch op d'Sproochen?
Programm
9:30 Wëllkomm a Kaffi
10:00 Begréissung vum Georg Mein, Doyen vun der Fakultéit
Aféierung vum Jeanne E. Glesener a Peter Gilles
10:30-12:00 Workshop 1 – Ablécker an de Sproochgebrauch (Moderatioun: Mélanie Wagner)
Participanten:
Claude D. Conter, Direkter Centre national de littérature – Literaturarchiv
Henri Eippers, Porte-parole de l'administration judiciaire
Nico Helminger, Auteur/Theater
Luc Marteling, Chefredakter RTL.lu
Victor Reuter, Directeur communication – Police Grand-Ducale
12:00-13:30 Walking Lunch
13:30-15:00 Workshop 2 – Erausfuerderungen (Moderatioun: Christoph Purschke)
Participanten:
Roland Arens, Chefredakter Luxemburger Wort
Fränz Biver, Bistum Lëtzebuerg
Jean-Paul Maes, Auteur/Theater
Tanja Raveane, Conseillère en communication vun der Arméi
Myriam Welschbillig, Iwwersetzerin
15:00-15:30 Kaffispaus
15:30-17:00 Workshop 3 – Potential a Perspektiven (Moderatioun: Peter Gilles)
Participanten:
Marc Barthelemy, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Valerija Berdi, Journalistin Radio 100,7
Ralph Fichtner, Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Claire Garçon-Wio, Service du Compte rendu – Chambre des Députés
Jeff Schinker, Auteur/Kulturredakter Tageblatt
Michel Weimerskirch, Entwéckler Spellchecker.lu
17:00 Ofschloss-Apéro
Organisatioun
Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft
Université du Luxembourg
Maison des Sciences Humaines
UR-IPSE
11, Porte des Sciences
L-4366 Esch-Belval
Communiqué (op Däitsch)
"Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg"
Die Sprachensituation im Land hat in den letzten Monaten viel Aufmerksamkeit in der Öffentlichkeit bekommen, auch und besonders im Wahlkampf. Egal ob dabei über Sprachenpolitik und die dafür vorgesehenen Mittel (Kommissär an Akiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Zentrum fir d'Lëtzebuergescht) oder über die schulische und frühkindliche Vermittlung von Sprachkompetenzen gestritten wurde – zumeist stand vor allem der gesellschaftliche Status und die Symbolfunktion des Luxemburgischen im Vordergrund. Wenig wurde dagegen über die alltägliche mehrsprachige Praxis in verschiedenen Berufssparten gesprochen. Über Gemeinplätze hinaus ist aber kaum Konkretes über die praktische Organisation der Mehrsprachigkeit in verschiedenen Bereichen der Berufswelt bekannt.
Deshalb soll im Rahmen der Tagung "Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg", die am 22.11.2018 an der Universität Luxemburg stattfindet, über den Status, die praktische Funktion und gesellschaftliche Anerkennung der verschiedenen Sprachen diskutiert werden. Das Institut für
luxemburgische Sprach- und Literaturwissenschaft, das die Konferenz veranstaltet, hat deshalb Vertreter*innen verschiedener Berufssparten eingeladen, um mit ihnen über verschiedene Aspekte des Luxemburgischen als Teil der komplexen Mehrsprachigkeit im Alltag zu diskutieren. Dazu gehört die Frage nach der Rolle des Luxemburgischen in Bereichen, in denen traditionell das Deutsche und Französische dominieren (z.B. im Rechtswesen und vor Gericht, in der Armee oder der Kirche, im Gesundheitswesen, der Wissenschaft oder dem Journalismus), aber auch Fragen danach, wie verschiedene Berufssparten praktisch mit der Mehrsprachigkeit umgehen: Gibt es konkrete sprachenpolitische Regelungen für den Gebrauch der einzelnen Sprachen? Welche persönlichen, institutionellen und kulturellen Vorstellungen gibt es in Bezug auf das Prestige und den praktischen Nutzen des Luxemburgischen? Wie prägen ideologische Konzepte wie das der "Muttersprache" die Diskussion über Sprachgebrauch und Sprachkompetenz im Land? Welche Herausforderungen und Perspektiven sehen die unterschiedlichen Akteur*innen für die Entwicklung der Mehrsprachigkeit in ihrem jeweiligen Bereich?
Ziel der Konferenz ist es, einen genaueren Einblick in die praktische Organisation der Mehrsprachigkeit sowie die Rolle des Luxemburgischen im Berufsalltag aus Sicht der Akteur*innen selbst zu erhalten.
Hierzu werden die Teilnehmer*innen in drei Workshops über die Sprachpraxis in ihrer jeweiligen Berufssparte berichten und mit den Expert*innen des Instituts diskutieren. Die Konferenz ist in drei thematische Workshops eingeteilt, die sich mit dem aktuellen Sprachgebrauch, den sich daraus ergebenden Herausforderungen sowie mit Chancen und Perspektiven für die Zukunft beschäftigen.
Die Konferenz ist offen für alle interessierten Zuhörer*innen.
Weitere Informationen zum Programm unter: http://infolux.uni.lu
Kontakt:
Christoph Purschke (christoph.purschke@uni.lu)
Mélanie Wagner (melanie.wagner@uni.lu)