
Am Gemengerot vun Esch gouf e Freideg annoncéiert, dass d’Stad Esch de féiere Kino Ariston elo awer wäert kafen.
Aus dem Gebai nieft der Brill-Plaz soll jo e Kanner- a Jugendtheater entstoen.
Et wéilt een och e positiven Avis ofginn, fir d’Gebai ënner Denkmalschutz ze stellen, zitéiert d’Tageblatt de Buergermeeschter Goerges Mischo.
De Kulturministère an déi national Denkmalschutz-Kommissioun géifen an deem Sënn och d’Halschent vun de Käschte bäisteieren, also ëmmerhin 2 bis 3 Milliounen Euro.
RTL-Artikel: Esch/Uelzecht: Ariston: Kee Kino méi, dofir Bühn fir Kanner- a Jugendtheater