Mir presentéieren Iech all Woch en neie Musekstudent mat engem akustesche Cover. Musek made in Luxembourg, déi et der Wäert ass gelauschtert ze ginn.

All Freideg stelle mer Iech iwwer den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Am drëtten Deel presentéiere mer Iech d'Mahila, 17 Joer, mam Lidd "Always remember us this way".

Aktuell Studentin an der Europaschoul, huet d'Mahila sech als Zil gesat an der Schoul fir Performing Arts zu Brighton an England weider hirer Passioun nozegoen. Och bei der bekannter Emissioun "The Voice" an der Belsch war dat jonkt Talent schonn emol ze héieren.

Wisou et grad d'Sangen ass, weess d'Mahila net, et séngt schonn zanter et ganz kleng war an huet mat 12 Joer mam Solfège ugefaang. Ma och um Piano fillt et sech wuel a schreift mëttlerweil och seng eegen Lidder. Inspiratioun hëlt d'Mahila sech vu senger Liiblingssängerin Beyoncé. Sou wéi déi berühmte Sängerin, wëll och d'Mahla iergendwann als Mulit-Talent op der Bühn stoen, op sengen eenege Concerten mat den eegen Lidder.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. All Léierstonn ass op de Besoin vun de Studenten ugepasst an dat weist sech och am Resultat.

D'Klasse si fir all Mënsch accessibel, souwuel fir Amateuren, wéi och Leit, déi méi exerzéiert sinn. D'Léierpersonal besteet aus professionelle Museker, Passionéierter, déi sech als Zil gesat hunn, all Talent ze fërderen.

Songs am Iwwerbléck