Parlamentaresch Mediekommissioun: Vill Froen un de Xavier Bettel"Mir wëlle keng Kultur strëppen!", seet d'Oppositioun

RTL Lëtzebuerg
Déi Deputéiert haten en Dënschdeg eng Rëtsch Froen un de Xavier Bettel, wéi dësen an der parlamentarescher Mediekommissioun war.

De Premier- a Medieminister Xavier Bettel huet an dëser Kommissioun den zweeten Deel vum Audit iwwer de Filmfong virgestallt a preziséiert, datt hie kee Problem domadder huet, dat Gesetz ze iwwerschaffen.

Reaktioune Filmfong-Audit / Rep. Dany Rasqué

Konkret soll an den Text stoe kommen, datt méi kontrolléiert gëtt. De Xavier Bettel sot dofir, "datt mer am Gesetz den Text sollen änneren, wou méi Kontrolle festgehale gi vis-à-vis vum Beneficiaire vun enger Hëllef".

D'Oppositioun begréisst déi Ausso. Déi ablécklech Onkloerheete géifen e ganze Secteur an e schlecht Liicht stellen, seet de Felix Eischen vun der CSV. Dat wier schued. Dat wéilt keen an et géif der CSV och net drëm goen, dem Filmsecteur d'Moyenen ze kierzen.

"De Staatsminister huet ugefaangen andeems e gesot huet Mir kënnen d'Kultur net strëppen, mä dat ass guer net de Punkt. Mir wëlle keng Kultur strëppen! Hei geet et ëm d'Transparenz. Et geet einfach drëm fir kënnen nozevollzéien, wat mat de Steiersue geschitt.", sou de Felix Eischen.

Och de Marc Baum vun Déi Lénk huet dofir plädéiert, datt ee sech muss Moyene ginn, fir déi eenzel Produktiounsbetriber ze iwwerpréiwen:

"Dat ass déi grouss Neierung, datt de Wëllen do ass, fir an d'Gesetz ze schreiwen, datt déi eenzel Boîtten och mussen auditéiert ginn, fir ze kucken, wat si mat deene Sue gemaach hunn. Et geet also net duer fir ze kucken, wat de Filmfong mat de Sue gemaach huet, mä et muss och gekuckt ginn, wat d'Beneficiairen domadder gemaach huet."

Genee där Meenung sinn och d'Piraten an d'ADR. An och si ënnersträichen, datt een net géint d'Kultur ass, mä datt muss kontrolléiert ginn, wat mat deene méi wéi 40 Milliounen Euro d'Joer geschitt, mat deenen de Staat de Filmfong ënnerstëtzt.

RTL NEWS: Joresrapport fir 2018 virgestallt: Recommandatiounen aus dem Filmfong-Audit: Et soll méi op Qualitéit gesat ginn
RTL NEWS: Suite vum Filmfong Audit: Méi Kontroll vu Filmproduzenten, déi Sue vum Filmfong kruten

Back to Top
CIM LOGO