Dat sot de Premier a Medieminister no enger Sitzung vun der Chamber-Mediekommissioun. Domadder reagéiert de liberale Premier op ee vun de Virwërf vun der CSV, datt Filmproduzenten trotz Beneficen - an an eenzelne Fäll esouguer Dividenden - d'finanziell Hëllef vum Filmfong net zeréckbezuelt hunn. De Xavier Bettel huet awer betount, datt meeschtens Filmer keng Beneficer maachen: „Superjhemp hu 60.000 Leit gekuckt, 60.000 x 10, da si mer op 600.000 Euro, mä de Film huet 3 oder 4 Milliounen Euro kascht". Et wier also net esou, datt „Suen eraussprangen", sou de Medieminister.
Op Säite vun der CSV ass ee relativ zefridden: „Mir sinn déi lescht 2 Deeg e bësse virukomm", sou de Felix Eischen. Mam „soft Audit", deen e Méindeg offiziell presentéiert gouf, ass d'CSV awer net zefriddegestallt. Dowéinst wier ee frou, datt e Méindeg festgehale gouf, datt d'Cour des Comptes beoptraagt gëtt, e Spezialrapport iwwert de Filmfong ze maachen. De Felix Eischen huet awer och ze bedenke ginn, datt obwuel nach net déi néideg Konklusioune gezu goufen, de Medieminister decidéiert huet, de Budget vum Filmfong an d'Luucht ze setzen.
De Xavier Bettel sot „et ass jo och net näischt geschitt". Wéi virun 2 Joer de Filmfong keng Sue méi hat, hätt hie „kee Blankocheck gemaach". Datt de Budget vum Filmfong déi nächst Joren erëm an d'Luucht geet, wier de politesche Choix, datt een dem Secteur wéilt déi néideg Moyene ginn.