Dem Anton Checkov säi Klassiker "Ivanov" kann een nach zousätzlech de 7. Mäerz an de Groussen Theater kucke goen.

Mir sinn an der russescher Provënz. Den Ivanov huet keen Elan méi a verléiert sech selwer a sengem Leed. Anstatt senger kranker Fra Anna ze hëllefen, langweilt e sech, verreest a léiert dat jonkt Sascha kennen. D'Theaterstéck "Ivanov" vun 1887 huet béides: Tragedie a Komik. Ma virun allem kann een den Text op de Liewensrhythmus vun haut adaptéieren.

Och d'Mise en Scène vum Myriam Müller wëll, datt de Public een Deel vum der Geschicht ass. D'Leit sëtze ronderëm d'Bün a ginn duerch ënnerschiddlech Elementer an den Theateruniversum matgeholl.

Dem Anton Checkov säi Klassiker "Ivanov" war bis de 6. Mäerz am Groussen Theater virgesinn. Wéinst der grousser Demande gouf elo eng zousätzlech Virstellung programméiert.

Mat op der Bün ee flotten Ensembel vu Schauspiller: Mathieu Besnard (Lvov), Denis Jousselin (Chabelski), Nicole Max (Zinaïda), Jorge de Moura (Doudkine), Sophie Mousel (Anna), Valéry Plancke (Lébédev), Manon Raffaelli (Sacha), Raoul Schlechter (Kossykh), Pitt Simon (Borkine), Anouk Wagener (Babakina) a Jules Werner (Ivanov).

De Jules Werner war um Donneschdeg Invité am Gespréich beim Christiane Kremer.