Vollen annuléiert! Hoteller eidel! An Zäite vum Coronavirus muss een doheem bleiwen an d'Vakanz ass ofgesot. An awer kann een an aner Kulturen oftauchen.

D'Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.

Indien. Do denkt een un grouss Bollywood-Produktioune mat Danz an epesche Libesgeschichten. Mä d'Realitéit gesäit natierlech net esou roseg aus...

Made in Heaven" ass net nëmmen den Numm vun enger indescher Amazon-Serie, mä den Numm vun der Agence, déi dem Tara an dem Karan gehéiert. Si organiséieren zu Delhi Hochzäiten, en Event, deen an der indescher Gesellschaft extrem seriö geholl gëtt.

D'Tara ass an eng räich Famill abestuet a misst u sech net schaffen, wat sengem Mann seng Famill him och stänneg ënnert d'Nues reift. De Karan ass schwul, eng Tatsaach, déi hien an der repressiver indescher Gesellschaft muss verstoppen.

"Made in Heaven" gëtt en Abléck an eng indesch Gesellschaft, an där eng Generatioun, déi global opwiisst an denkt, sech mam Kasten- an Këschten-Denke vun hiren Eltere muss erëmschloen. All Episod erzielt vun enger anerer, opulenter Hochzäit, woubäi dem Tara an dem Karan hir Geschichten de roude Fuedem duerch all d'Episode bleiwen.

"Made in Heaven" kann een op Amazon Prime streamen, et gëtt bis elo eng Staffel mat 9 Episoden, eng zweet Staffel ass a Produktioun.

 Fannt hei déi aner Deeler aus eiser Serie