Doheem sangen an danzen iwwerdeems online Concerten am Hannergrond lafen, ass dat neit Erausgoen.

Ëmmer méi Kënschtler entdecken den Internet a Corona-Zäite fir sech. Ganz onbekannt ass de Staren d'Welt vun de sozialen Netzwierker natierlech net: op Facebook oder Instagram goufe scho virum Lockdown fläisseg Fotoen a Videoe gedeelt. Ganz a Moud ass et neierdéngs awer, viru lafender Kamera ze sangen an de Stream mat Fans aus der ganzer Welt ze deelen. E Konzept, dat grad an Zäite vu #bleiftdoheem a Social Distancing gutt bei Museksfrënn ukënnt.

Nom grousse Succès vum Livestream-Event "One World: Together at Home", bei deem iwwer 128 Milliounen Dollar gesammelt goufen, steet elo dat nächst Mega-Event virun der Dier. Vum 24. bis de 26. Abrëll organiséiert de Warner Music Group an d'WHO en online Festival, deen op der Youtube-Chaîne Songkick diffuséiert gëtt. 65 Kënschtler si bei dësem Evenement mat dobäi, dorënner ënnert anerem Artiste wéi Coldplay, David Guetta, Panic! at the Disco, Portugal The Man, Cardi B, Slipknot, Rita Ora, Charlie Puth, Korn, Twenty One Pilots oder Wiz Khalifa. Anescht wéi bei "One World: Together at Home" ginn hei vergaange Festival-Concerte gewisen, fir weltwäit fir gutt Laun ze suergen.

© Twitter / Warner Music Group

De genauen Dagesoflaf vum "Play On Festival fannt Dir bei hinnen um Site. E "Must-see", oder besser gesot "Must-hear" fir jiddereen, deen einfach emol ofschalte wëll bei gudder Musek oder doheem an der Stuff danzen, sprangen, jäizen a sprange wëll.