Mystesch, berouegend awer och lieweg, dat ass de Sound vum neie Projet „Patient Zero“, dee vu 6 Lëtzebuerger Museker lancéiert gouf.

Projet "Patient Zero"

Virun e puer Wochen hunn den Alex Logel op der Uergel, den Yves Ditsch op der Batterie, den Dan Fastro um Bass, den Ewen Curreli op der Gittar, de Steve Richer op der Gittar an d’Elise Nunes fir de Gesang sech zesumme fonnt (natierlech online), fir den neie Projet Patient Zero ze starten.
Dass si virdrun an där Konstellatioun nach ni zesumme musizéiert hunn, mierkt een beim Sound vum neie Grupp net.

© Patient Zero

Mam Projet wëllen d’Museker weisen, dass d’Distanz keng Barrière fir d’musikalesch Kreativitéit soll sinn. Hiert éischt Stéck nennt sech „Wise man“ an ass um Liewen an un der Perséinlechkeet vum René Cavallini inspiréiert. E lëtzebuergesche Blues-Museker, dee fir si, wéi si selwer soen, e Mentor a gudde Frënd ass.

D’Stéck gouf natierlech aus der Distanz opgeholl. Also jiddereen huet säi Part bei sech doheem opgeholl a verschafft. Genee sou wéi de Video, deen dozou gehéiert.
De Sound vun der Band ass mystesch, berouegend an awer och lieweg. Bis elo ass „Wise man“ dat eenzegt Stéck vun hinnen. Aus der Formatioun sinn awer mëttlerweil och Frëndschaften entstanen an e weidert Zesummeschaffen, schléissen si net aus. Ma wouhin de Projet féiert, kann a well een awer den Ament nach net genau soen.