Et ass awer net nëmmen de Militärmuseker hir eenzeg Beschäftegung, obwuel se scho praktesch mam musikaleschen Deel ausgebucht sinn...

Ob Dixie-Band, Combo oder verschidden aner Quartetter a Quintetter: d'Militärmusek ass och wärend der Kris am Asaz. Ëm déi 40 Beruffsmilitärmuseker spillen zanter dem 16. Abrëll fir de gudden Zweck bei de Maison de Retraiten an aneren Instituter mat eelere Leit, fir hinnen esou eng kleng Freed ze maachen.

RTL Télé Lëtzebuerg war bei 2 Altersheemer dobäi, zu Esch bei der "Résidence Bel Age" war et d'Klarinette-Quartett, dat de Bewunner eng hallef Stonn e Concert gespillt huet. D'Iddi gouf et scho laang virum Virus, fir dass d'Militärmusek esou eng Aktioun géif starten, ma lo war iergendwéi dee richtegen Ament an d'Nofro war gréisser ewéi geplangt.

Et ass awer net nëmmen de Militärmuseker hir eenzeg Beschäftegung, obwuel se scho praktesch mam musikaleschen Deel ausgebucht sinn, sinn se fir de Rescht vun hirer Zäit fir d'Regierung um Corona-Info-Telefon am Asaz.

Fir déi eenzel Gruppen ass et eng flott Erfarung. Obwuel si gewinnt sinn, op villen offiziellen Optrëtter dobaussen ze spillen, ass dëst awer eng Ofwiesslung an eppes Aneschters.

Nom Lancement waren den éischten Dag scho 26 Demanden an der Boîte a vill Haiser melle sech eng 2. Kéier well et hinne sou gutt gefall huet. Esou koume bis ewell iwwer 50 Ufroen eran. De Jean-Claude Braun, Chef vun der Militärmusek kritt reegelméisseg positive Feedback.

Den Ament gesäit et net schlecht aus fir d'Zukunft vun dësem Projet. Wann nees  alles zu Lëtzebuerg normaliséiert ass, géif dës Aktioun weidergoen an esouguer nach villäicht ausgebaut ginn.