Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch organiséiert e Mëttwoch de 6. Mee säi 6. Live-Ortho-Quiz (LOQ) an dat mam Thema: Dat Schéint an dat Schlecht.

Et ginn eng Dose Froen iwwer "dat Schéint an dat Schlecht am Liewen" gestallt - e klengen orthografeschen Test fir jiddereen, vum Ufänger bis bei den Expert, bei deem een 20 Sekonnen Zäit huet, fir déi richteg Äntwert unzeklicken. Den LOQ gëtt online gespillt, en ass live, gratis an anonym.

Einfach matzäit op www.menti.com goen an sech do mam Code 17 93 63 aloggen. Den direkte Link ass: www.menti.com/odnncrz38e.

Dat Ganzt dauert knapp 20 Minutten, natierlech gëtt et och Erklärungen zu de Schreifweisen an um Wupp d'Topp 10 vun de Gewënner ... Vill Spaass a vill Erfolleg beim Matmaachen!