Dem Nico Helminger säi Lyrik-Band steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.

Lyrik op Lëtzebuergesch - geet dat? Den Nico Helminger beweist a sengem Band "Geckegen Hunneg", dass dat souguer ganz spektakulär riicht räisse kann!

"Geckegen Hunneg", dat si keng eenzel Gedichter, mä Sequenzen déi sproochlech an thematesch zesummenhänken a sech a 7 Kapitelen an enger chronologescher Progressioun weiderbeweegen.

"Kand beim Numm" evoquéiert eng Kandheet an de 60er Joren tëscht Traditioun a Fortschrëttsglawen: Op der Foto/huet d'Kommiounskand/Aen aus Coca-Cola/Um Aarm eng Flätsch/wéi dem Här Steichen säi Baart/An der Hand d'Rakéit/fir an den Himmel

Dat alles ouni Nostalgie a rosaroude Brëll zeréck op eng imaginär "gutt al Zäit", déi och hir däischter Säiten hat: De Grousspapp goung/mat stolen Nuesen/op d'Häll zou/dunn huet op der Schmelz/ de Kropemann/ hie geholl

Sou wéi Beien hir Wabe bauen, sou geléngt et dem Nico Helminger, aus Wierder e groussen Tableau vun eiser Realitéit vun de 60er Joren bis elo z'erstellen, dat an enger Sprooch déi ganz ouni Pathos auskënnt, dofir awer mat ganz effikasse Stilmëttele schafft. Wéi hei am Kapitel "Bascht": eng Iwwerzeegung/ eng wëll Iwwerzeegung/ déi sech ausbreet/ wéi Viren, wéi Wellen/ wëllt soen: / Et gëtt keng Stopp/ wëllt soen:/ Welle vu Stëbs/ sou taaschte mir eis duerch/ wouhin?

Et géif nach vill ze soe ginn iwwer dëse Lyrik-Band vu knapps 160 Säiten. Zum Beispill, dass den Nico Helminger Referenzen aus Literatur a Popkultur esou anzesetze weess, dass se tatsächlech dem Text eppes bréngen. Eng Konscht, déi nach laang net jidderee beherrscht, déi hien awer a senger Schreif perfektionéiert huet, sief et als Nico Helminger oder ënner sengem Heteronym Tomas Bjørnstad.

Mä am Fong ass alles wat ze soen ass, am Buch selwer nozeliesen. Wien nach drun zweiwele sollt, dass eis Sprooch sech als Literatursprooch eegent, dee sollt sech dëse Band zouleeën.

"Geckegen Hunneg" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
ISBN 978-2-919822-23-2
160 Säiten
18€