Fir e kuerze Moment de Confinement vergiessen an dobäi an eng friem Welt andauchen... Literatur mécht et méiglech.

Däers ass sech och d'J.K. Rowling duerchaus bewosst. Aus deem Ulass huet déi brittesch Schrëftstellerin zesumme mat Spotify annoncéiert, dass all Woch eng gratis Lektüre vun engem Kapitel aus dem éischten Harry-Potter-Deel online gesat gëtt.

D'Textpassage virliese mécht awer net d'Autorin selwer, mä weltbekannt Staren, dorënner den Daniel Radcliffe, deen d'Figur vum Harry Potter an den 8 Filmer gespillt huet. Nieft him maachen och den David Beckham, Stephen Fry oder d'Dakota Fanning mat.

Bis Mëtt Summer kënnen d'Kapitele gratis op der Plattform gestreamed ginn.