"Bleift doheem" dat war jo de Message deen eis duerch déi lescht Woche begleet huet. E Message deen de BD-Zeechner Andy Genen opgegraff huet.

Captain Corona vum Andy Genen

Sou ganz ass et nach net vum Dësch, och wa mir vun haut un nees méi kënne virun d'Dier goen. De Message vum "Bleif doheem" huet dann och e sëlleche Kënschtler inspiréiert. Als fräischaffende Comic-Zeechner ass den Andy Genen dru gewinnt fir vun doheem aus ze schaffen. 
Andy Genen: Ech spieren dat am alldeegleche Liewen net esou, mä ech mierken awer schonn, dass de iergendwéi d'Notioun vun der Zäit verléiers. Well awer soss ëmmer meng Couren hat, an du hues missten aus dem Haus goen fir hei an do eppes ze maachen. Elo schaffen ech wierklech just nach déi ganzen Zäit vu moies bis owes an trotzdeem hunn ech d'Gefill, dass ech net esou weiderkommen wéi soss, wells de awer net dee Rythmus hues, du hues keng esou eng Routine wéi soss. 

 Vill Zäit doheem heescht awer natierlech och vill Zäit fir nei Inspiratioun ze fannen, an op déi Manéier ass e kuerze Comic ronderëm dee béise Captain Corona entstanen. Dee perfide Virus taucht virun der Stuffefënster op, a probéiert e Papp a seng kleng Duechter aus dem Haus ze lackelen fir se kënnen unzestiechen. De Papp léisst sech awer net provozéieren, an de Captain Corona kann géint de Superheld mam Motto "Bleif doheem" näischt méi maachen.

Andy Genen: Dat ganzt war éischter eng spontan Saach. Heiansdo huet een esou eng Iddi am Kapp einfach fir e Bild ze zeechnen an dann ass een net roueg sou laang dat Bild net iergendwéi op d'Pabeier bruecht ginn ass. An do war dann d'Iddi komm fir mech, dass de Virus e Béise wier. A vu dass ech Superheldecomics gären hunn, ware mir alleguerten déi mir doheem bleiwen ebe Superhelden déi dann esou géint de Virus gekämpft hunn. Dat hunn ech dann an déi kleng Geschicht do gemeet, an dann, wéi ech dat heiansdo sou maachen, hunn ech dat op Facebook gesat an op Instagram. A kuerz drop, ech war iwwerrascht wéi ech gesinn hunn, dass esou vill Leit dat gutt fonnt hunn, an et och gedeelt hunn. An op eng Kéier krut ech Messagë vu Leit déi ech emol guer net kennen, déi dat ebe super fonnt hunn. Et war ebe flott fir eppes ze maachen wat mir selwer gehollef huet mat der Situatioun besser eens ze ginn an och nach ze gesinn, dass et de Leit eng Art...net Sécherheet, gëtt, mä iergendwéi esou e Gefill vu Gemeinschaft, dass mer alleguerten an dem Problem zesummen dra sinn. 

 Elo am Déconfinement sinn et d'Masken déi ëmmer méi wichteg ginn. An och do huet den Andy Genen sech eppes afale gelooss. Ganz spontan huet en sech dohinner gesat an eng Affiche gezeechent op deem d'Leit vun zwee sympathesche Personnagen drun erënnert ginn dach wgl hir Masken unzedoen. Dës Affiche kann een sech och gären eroflueden, ausprinten an ophänken.

RTL

© Andy Genen

Natierlech ass och dës Affiche méisproocheg, grad esou wéi de Captain Corona Comic, deen et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch gëtt. Ob et wuel eng Kéier eng Suite an der Geschicht vum Captain Corona gëtt?

Andy Genen: Nee, eng Suite hunn ech wierklech net geplangt, well dat ganzt ass, wéi gesot, esou eng spontan Aktioun gewiescht, déi eben dee Moment huet einfach missten aus mir eraus kommen. Mä ech hunn am Fong elo net geplangt gehat, dass wann elo en Impfstoff kënnt, dass dann de Captain Corona fir ëmmer sollt besiegt ginn.  

 Mä wie weess, villäicht léisst den Andy Genen sech jo dann awer nach eng Kéier esou spontan inspiréieren.

RTL