Spruddelpäif a Mucho, esou nennen sech zwee Lëtzebuerger Museker aus dem „Mokusdag Kollektiv“.

15/05/2020 Nei Stëmmen Mokusdag-Kollektiv

Sous-vide, esou heescht den neien Track vum Lëtzebuerger Newcomer Rapper Spruddelpäif. D’Lidd dréint ëm d’Absurditéit vum Liewen. Et geet ëm Liewen an Dout, ëm d’Onsécherheeten déi een am Laf vum Liewen opbaut an ëm d’Sich no der grousser Léift - sief déi elo erfollegräich oder net. Den Titel Sous-Vide bezitt sech dorop, dass d’Liewen sech ufillt, wéi wann ee kee richtege Fräiraum méi hätt fir ze ootmen, et ass een am Sous-vide verpak. Et leeft een Dreem an Ziler no, fir déi ee kee richtegen emotionalen Equivalent méi huet.

"Et ass interessant wéi déi lëtzebuergesch Sprooch Begrëffer an d’Welt geheit, déi esou eegen an extra sinn. Ech well dat pushen. An natierlech fannen ech den Numm och witzeg", esou de Museker iwwert säi Kënschtlernumm.

Hien mécht awer net just eleng Musek. Dacks sëtzt hie mat anere Lëtzebuerger Kënschtler aus dem Mokusdag Kollektiv zesummen. Dee gëtt et zanter knapps engem Joer. De Kollektiv besteet aus 4 Museker, ma si maachen net just zesumme Musek, si kennen sech scho laang an hu scho vill mateneen erlieft. Si produzéiere Beats a schreiwen deelweis och zesummen un hiren Texter. Ënnert hinnen ass och de Lëtzebuerger Rap Museker Mucho, deen den 1. Mee säi Lidd Adameva erausbruecht huet.

D’Inspiratioun fir seng Musek hëlt hie vill aus der amerikanescher Musek, virun allem de 2019 verstuerwene Rapper Juice WRLD inspiréiert hien. Ma seng gréissten Inspiratiounsquell sinn seng Gefiller, dozou seet hien:

"Meeschtens sinn et schlecht Erfarungen an éischter traureg Emotiounen, déi mech zu de Lidder beweegen. Wann ech an enger Stëmmung sinn, maachen ech e Beat, deen déi Stëmmung am beschten erëmgi kann. Wann dee Beat da bis graff steet, fänken ech einfach un drop ze sangen. Ann deem Moment fält et mir da liicht mech auszedrécken."
Wat d’Texter a senge Lidder fir hie bedeiten, dat seet hien net. Jidderee soll sech säin eegent Bild maachen an seng eegen Emotiounen dozou fannen.

Den 28. Juni soll dann och dem Mucho säin nächst Lidd erauskommen. An och de Spruddelpäif schafft schonn un den nächste Stécker. Allgemeng dierf ee gespaant sinn, wat vum Mokusdag Kollektiv nach alles kënnt.