D'lescht Joer ass d'Metal-Zeen zu Lëtzebuerg ëm eng Band méi räich ginn. Praetor sinn elo am Gaangen den éischten Album ze finaliséieren.

D'Noemie, de Sebastien, den Alex an den Hugo kenne sech scho vun anere Projeten, dorënner och Tribute-Bands. D'Chimie schéngt ze stëmme well mat Preator ginn elo Neel mat Käpp gemaach. D'Grupp prouft reegelméisseg an der Rockhal fir dem éischten Album Liewen anzehauchen. Wéinst dem Coronavirus ass déi ganz Prozedur natierlech ënnerbrach ginn, eppes wat déi Lëtzebuergesch-Franséisch Trash-Metal-Band awer net aus dem Konzept bréngt a mat Screens (Quarantine-Demo) e Video wärend der Pandemie eraus. Loosse mir de Virus ewech rocken.

Hei nach eng Demo aus dem Februar 2020: