Nom leschten Album "Empty Star", deen 2017 erauskomm ass, presentéiert de Kënschtler, Filip Markiewicz, elo „We have the sun“.

Nei Musek vu Raftside

Raftside, dat ass de musikalesche Projet vum plastesche Kënschtler Filip Markiewicz. Zanter 1999 besteet de Projet. Dëst Joer soll den neien Album Ultrasocial Pop erauskommen. We have the sun heescht elo den éischten Titel vum neien Album an ass e Virgeschmaach op dat, wat kënnt.

Et ass ee Lidd, dat ouni Zweiwel un déi momentan Situatioun erënnere soll, dat weisen Textausschnëtter wéi Everything will be fine, mee och den Titel u sech We have the sun, ass aus dem Fait, dass d’Meteo sou gutt war an där Zäit, wou mer hu mussen dobanne bleiwen, entstanen. Mee och wann den Text vum Lidd eis momentan Situatioun gutt erëm gëtt, well de Këschtler awer, dass d’Lidd zäitlos ass.

© RAFTSIDE

U sech war den Album an där Form net geplangt. Et sollt eng Serie vu Performance ginn, ma well dat momentan net méiglech ass, huet de Kënschtler decidéiert d’Lidder allkéiers mat engem passende Video ze publizéieren. Der momentaner Situatioun och ugepasst, huet hien  alles, vun der Produktioun vum Lidd bis zu der Realisatioun vum Videoclip, selwer an Doheem gemaach.

D’Inspiratioun fir seng Musek kritt hien och duerch aner Museker, mee fir hie sinn d’Musek an d’Molerei guer net esou wäit vunenee fort, deemno hëlt hien d’Inspiratioun fir seng plastesch Wierker wéi och fir seng Musek vill aus der Konschtgeschicht. Kënschtler wéi den Oskar Schlemmer an de Wassily Kandinsky inspiréieren de Filip Markiewicz. Am Clip zu sengem neien Titel erkennt een och ganz kloer Spuere vum Andy Warhol a Francis Bacon.

Mëtt Juni soll dann déi nächst Single mat Videoclip eraus kommen. Den Album kënnt a Form vu Vinyl am November dëst Joer. Ënnerstëtzt gëtt de Projet vun der Bourse Bert-Theis, déi all Joer vu Focuna Luxembourg bewëllegt gëtt.