D’Sam Tanson huet d’Reaktiounen op d’Nominatioun vun der Joanne Goebbels traureg gemaach a se blessant fonnt.

Dobäi wier d’Madamm Goebbels duerch déi virgeschriwwe Prozedur gaangen an hätt déi besser Viraussetzunge gehat, sou huet de Jury, dee bei der zweeter Ausschreiwung duerch de Virus reng national war, et un d’Kulturministesch weiderginn.

No der éischter Ausschreiwung, wou en national-internationale Jury decidéiert hat, datt kee Kandidat zeréckbehale gouf, war de Kulturministère schonn un de Claude D. Conter erugetrueden, deen all Viraussetzungen hätt, fir d’BNL ze féieren. De Minister kann eng Persoun nominéieren ouni eng Aussschreiwung z'entaméieren.
De Claude D. Conter huet deemools "Nee" gesot, well seng Funktioun als Direkter vum Mierscher Literaturzenter, just eréischt verlängert gouf an hien do nach vill Projete wëlles hat. Elo freet hie sech awer op déi nei Aufgab.