
Trotz der annoncéierter Wafferou tëscht dem Iran an den USA hunn eng Partie Golfstaaten e Mëttwoch op en Neits iranesch Attacke gemellt. D’Arméi am Kuwait huet matgedeelt, datt den Iran d’Land zanter Stonnen ugräife géing. Dobäi wiere Raffinerien, Kraaftwierker an Entsalzungsanlagen erhieflech beschiedegt ginn. “Zanter 8 Auer moies gesäit sech d’kuwaitesch Loftofwier enger intensiver Well vu feindlechen a kriminellen Attacken aus dem Iran ausgesat”, huet d’Arméi op X geschriwwen. 28 Drone wieren deemno ofgefaange ginn.
D’Emirater mellen iwwerdeem eng “Menace duerch Rakéiten”. “D’Loftofwier ass aktuell mat Rakéiten an Dronenattacken aus dem Iran konfrontéiert”, heescht et vum Verdeedegungsminister op X.
Op der iranescher Staatstëlee goufen d’Attacke mat Rakéiten an Dronen iwwerdeem och confirméiert. Dës wieren eng Reaktioun op Bombardementer vun iranesche Pëtrolsanlagen am Persesche Golf kuerz virdrun, wéi et an enger Noriichtesendung heescht.
Schonn e Mëttwoch de Moie waren aus dem Bahrain Rakéitenattacke gemellt ginn. Eng Journalistin vun der Noriichtenagence AFP huet vun Explosiounen an Damp iwwer der Insel Sitra geschwat. Den Inneministère vum Golfstaat huet, och op X, erkläert, datt den Zivilschutz en “duerch déi iranesch Aggressioun” verursaachte Brand geläscht hätt. Bei den Attacken op Sitra wieren zwee Leit liicht blesséiert an e puer Haiser beschiedegt ginn.
D’USA an den Iran hätten e Mëttwoch kuerz virum Oflaf vum US-Ultimatum un den Iran eng Wafferou vun zwou Wochen annoncéiert. Den Iran huet sech am Géigenzuch bereet erkläert, de Mierespassage Hormus fir zwou Wochen nees opzemaachen. De Waffestëllstand gëllt dem Pakistan no, deen als Vermëttler fungéiert, am ganzen Noen Osten.