Esouguer Bicher a wëssenschaftlech Dokumenter gi confinéiert an deconfinéiert.

D'Bibliothekären an Archivisten am Nationale Literaturzenter hu sech an de leschte Woche missen domadder auserneesetzen. Zwar ass den CNL eng vun de Kulturinstitutiounen, déi lo rëm opgaangen ass, ma och hei gëlle streng Sécherheetsmesuren.

Den Nationale Literaturzenter ass déi Plaz, wou Dokumenter wéi Manuskripter an Affiche ronderëm d'Lëtzebuerger Bicherwelt versuergt, opgeschafft a fir de Public zougänglech gemaach ginn. Archivaarbecht am Teletravail war komplizéiert, ma den CNL ass net nëmmen e Centre de Recherche.

Och d’Bibliothéik ass vun doheem aus weider betreit ginn.

Den Ament kënne just Studenten a Chercheuren an de Liessall an ëmmer nëmmen een nom aneren. Duerno kënnt d’Quarantänskëscht an den Asaz, well och e Buch muss confinéiert ginn. Den Nationale Literaturzenter huet sech fir dës Mesuren no aneren Archiven a Bibliothéike geriicht.
 
D'Quarantänszäit fir Pabeier ass 24 Stonnen. Nach ass d'Bibliothéik just méindes a freides op an dat och nëmme mat Reservatioun.