E Freideg huet den Nationalmusée en Opruff, fir eng nei Aktioun lancéiert. Si sichen indispensabel Objete fir an hir Musée-Sammlung.

Wéi et an hirem Opruff heescht, huet de Coronavirus eist d'Liewen an de leschte Woche radikal verännert. Fir dës exzeptionell Zäit och fir d'Zukunft festzehalen, sammelt de Musée elo Objeten, déi fir d'Corona-Kris representativ sinn.

"Wann et fir Iech een Objet géing ginn, dee fir Iech déi lescht Wochen onverzichtbar ginn ass oder deen d’Ëmstellung an Ärem Alldag géing dokumentéieren, wat wier dat?"

Mam Hashtag #MNHAcollectCOVID soll een deemno säin Objet mat enger Erklärung als Kommentar ënnert hirem Post ofginn oder eng Foto mat Erklärung eraschécken op histoire@mnha.etat.lu.