Nieft dem Baggerweier zu Rëmerschen sinn och d'Plagen um Stau vum Weekend un nees op. De Beetebuerger Park bleift beispillsweis awer nach zou.

Tourismus doheem / Reportage Annick Goerens

Gutt Nouvellë fir d'Touristen an d'Lëtzebuerger, déi de Päischtweekend an d'Päischtvakanz hei heem verbréngen. Nom strenge Lockdown ginn ëmmer méi Plazen nees fir de Public op.

Zu Veianen ass zanter e Freideg d'Schlass nees op fir Visitten, natierlech ënnert den gängege sanitäre Mesuren. D'Schlass ass eng vun den 3 am meescht-besichten Touristenattraktiounen am Grand-Duché, nieft de Stater Kasematten an dem Beetebuerger Park. Donieft kann een zu Veianen och vun e Samschdeg un nees mam Sessel-Lift fueren an dann d'Vue vun uewen op déi kleng Stad genéissen.

Wat kann een dann eigentlech an der Stad ënnerhuelen? Den Tom Bellion, Direkter vum LCTO, dem Luxembourg City Tourist Office:

„Et sinn eng ganz Partie Saachen, déi ee ka maachen, och wann elo nach net alles op ass, wéi mer et gewinnt sinn. D'Geschäfter, d'Terrassen, d'Hotellerie sinn op, dat ass e ganz wichtege Faktor fir eis Destinatioun. Do dernieft de Maart an der Stad e Samschdeg de Moien, deen ni zougemaach huet an dee ganz attraktiv ass. Do dernieft sinn d'Parken nees op, d'Muséeë mat Restriktiounen. A mir hunn och d'Informatioun kritt, dass vun e Samschdeg un nees den HopON-HopOFF-Bus fiert an de Péitruss Express, natierlech och mat sanitäre Moossnamen. Et gi Vëlostouren ugebuede vu Velosophie. A wat eis Produite selwer ugeet vum LCTO, do si leider d'Kasematten nach net op, mir schaffen drun. Mee et kann een awer natierlech all déi flott Tier duerch d'Stad maachen, wéi de Wenzel, de Vauban, de City Promenade Kids a sou weider.“

D'Klierfer Schlass mat senge Muséeën an och d'Expositioun vum Edward Steichen „The Family Man“ ass nees fir de Public op.

De Beetebuerger Park bleift bis op Weideres nach zou. Den Haaptgrond dofir sinn d'Spillplazen, déi nach net däerfen opgoen.

Wien da wëll laanscht d'Waasser vun der Sonn profitéieren an eventuell wëll an d'Waasser goen den dierf sech freeën, dass vun e Samschdeg un d'Baggerweieren zu Rëmerschen nees op sinn. Grillen ass op der Plaz awer net erlaabt.

Wat d'Plagen um Stauséi ugeet, do koum um Freideg d'Informatioun, datt dës vun e Samschdeg de Moien 9 Auer un nees fir de Public op sinn. Den Accès ass wéinst de Covid-Mesurë limitéiert.

Wien mat de Kanner ënnerwee ass, dee kann iwwregens och an den Escher Déierepark op den Gaalgebierg goen. Do ass alles, ausser d'Spillplazen, nees op wéi gewinnt.