Och wann d'Theateren zanter haut net méi mussen zou sinn, dierft et wuel nach dauere bis nees Publikum kann empfaange ginn.

An engem Communiqué um Freide Mëtte begréisst d'Theaterfederatioun d'Deconfinement an hirem Secteur, sou wéi och d'Hëllefsmesüren, déi bis elo annoncéiert goufen. Ma och wann een elo nees d'Erlabnis hätt opzegoen, géif dat net vun haut op muer goen.

D'Saison 2019/20 hätt an enger éischter Phase vun der Kris missen op Äis geluecht, an duerno komplett ofgebrach ginn. Fir all Produktioun misst virum Spektakel e puer Woche laang geprouft ginn, wärend deenen dann d'Artisten och missten disponibel sinn. Dofir géifen d'artistesch Saisonen an der Reegel ee Joer am Virfeld geplangt ginn an dofir wier et och net méiglech, elo einfach nees d'Saison weiderlafen ze loossen.

An Zesummenaarbecht mam Kulturministère, mam "Réseau Luxembourgeois des Centres Culturels Régionaux" a mat der ASPRO (Association luxembourgeoise des Professionnels du Spectacle Vivant) wier een am Gaangen e Konzept auszeschaffen, wéi Spektakele kennen esou organiséiert ginn, datt et sécher wier fir d'Artisten a fir d'Spectateuren.

Keng 2 Meter Distanz oder Mask, méi Spectateuren

Et géif ee proposéieren, déi sanitär Mesurë fir d'Artisten ze lackeren, esou bal d'Infektiounscourbe et erlabe géif. 2 Meter Distanz oder Mask op der Bün géif d'Schauspiller an hirer Aarbecht staark aschränken. Iwwerdeems misst d'Zuel vu Spectateuren, déi an engem Sall dierfe sinn, ze reevaluéieren. Hei kéint ee sech um Horesca-Secteur an um ëffentlechen Transport zum Beispill orientéieren. Mat den aktuelle Contraintë wier et dacks nëmme méiglech, manner wéi e Fënneftel Spectateuren opzehuelen.

Iwwert de Kulturministère wieren d'Propositiounen an d'Recommandatiounen un d'Santésdirektioun weidergereecht ginn, an der Hoffnung datt een eng viabel Reprise fir d'Saison 2020/21 organiséiere kéint. Verschidde Projete vun dëser Saison, déi wéinst der Kris ausgefall sinn, sollen och mat an déi nächst geholl ginn.

D'Theaterfederatioun freet hiert Publikum fir nach e bësse Gedold a gëtt Rendezvous fir den offizielle Lancement vun der Theatersaison den 12. September op der Plëss.