Zënter e Freideg dierften d'Kinoen zu Lëtzebuerg nees fir de Public hir Dieren opmaachen.

Ma d'Kinosbedreiwer wëlle sech awer Zäit loossen an eréischt de 17. Juni opmaachen. Dat fir déi néideg Sécherheets-an Hygiènesmesuren en place ze setzen.

Laangzäit hunn d'Kinoe missten zoubleiwen, ma virun Kuerzem hunn d'Kinosbedreiwer matgedeelt, datt Kinossäll nees vum 17. Juni u Leit empfänke kënnen. Fir sech op d'Reouverture preparéieren ze kënnen, wëll ee sech awer déi néideg Zäit huelen. Et wier een awer frou, nees kënnen opzemaachen.

De Virverkaf geet vun nächstem Freideg un. An den nächste Woche ginn d'Sécherheets-an Hygiènesmesuren an de Kinoen en place gesat. Ënnert anerem gëtt recommandéiert, Ticketen, grad wéi Iessen a Gedrénks online ze kafen. Donieft muss tëscht de Leit een Ofstand vun 3 Sëtzer garantéiert ginn.

Um Kierchbierg ass och scho gewosst, wéi de Programm wäert ausgesinn. Hei gëtt eng Varietéit ugebueden.

An der Tëschenzäit kënne sech d'Filmfrënn op d'Offer vum Drive-in-Kino zu Iechternach oder Mamer freeën. Ugepasst un déi aussergewéinlech Konditiounen, gëtt um Iechternacher Séi fir déi 10. Kéier en Autokino organiséiert. Bis ewell ass d'Resonanz gutt.

D'Kinosbedreiwer hoffen deemno, datt et Leit an Zukunft nees an d'Kinoen zitt.