No 11 Woche konnten déi Gleeweg elo um Päischtweekend nees an d’Mass.

Wéi op allen ëffentleche Plaze gëllen awer och hei déi sanitär Moossnamen. An et muss ee sech am Virfeld umellen. Eng Mass mat Umeldung ass nawell zäitopwänneg, esou dem Abbé Marcel Pundel seng Erfarung. Déi lescht Deeg hat hie säin Telefon op de GSM deviéiert, fir ëmmer erreechbar ze sinn, wann d'Leit sech fir d'Réimecher Houmass aschreiwe wéilten. 56 Persounen hunn dat schlussendlech gemaach.

Abbé Marcel Pundel: Et wieren der sécherlech 40 oder 50 nach méi gewiescht, bedéngt, datt och d'franséisch Grenzen zou sinn. Mä et si Leit, déi ganz zréckhalend sinn, och Leit mat hire Kanner.

Reprise Kierchen / Rep. Raphaëlle Dickes

Op de Lëschte stéinge just Nimm, keng Adressen a se géifen nom Gottesdéngscht och ewechgehäit ginn, ënnersträicht de Paschtouer, deen zwar vläicht manner Gleeweger an der Mass hat, dës waren awer ëmsou méi frou, nees kënnen ze kommen.

Maskeflicht, Hänn desinfizéieren, dat ass elo och hei an der Kierch Flicht. Wäiwaasser gëtt et keent méi, grad esou wéineg wéi Gebietsbicher. Sangen dierf ee mat Mask, awer net am Chouer. Ma och an den 11 Wochen ouni Mass wär d'Kierch opgewiescht an et wären ëmmer nees Leit komm, fir ze bieden an d'Gespréich ze sichen.

Abbé Marcel Pundel: Hei an der Kierch, wou een awer Distanz kann anhalen, konnt een awer mat hinne schwätzen. Och fir d'Beicht, déi jo och net am Beichtstull erlaabt ass, mä do sinn och ganz vill Leit dofir komm. Et war eng Assemblée priante, ouni datt ee se héieren huet. Et war schonn impressionnant.

3 Massen huet de Paschtouer e Sonndeg gehalen. Thema Coronavirus stoung a senge Priedegten net um Programm, d'Leit hätten dovunner an de leschte Woche genuch héieren.