De Lëtzebuerger Online-Dictionnaire iwwerhëlt eng Rei vereelzte Wierder, no deenen dacks am "Luxemburger Wörterbuch (1950-1975)" gesicht gëtt.

Ween huet sech da schonn emol e Petit-beurres-Kuch fir de Gebuertsdag gewënscht? Oder an der lescht ee Knupperdulles oder Butsch vernannt? Eng Turlatäin gedréint? Wat ass engem passéiert, wann een eppes an d'Vaterunserlächelche krut? A wéini ass een an der Féckmillchen?

Wéi den Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch annoncéiert, huet den LOD eng Jett vereelzte Lëtzebuerger Wierder nei opgeholl, no deenen dacks am Luxemburger Wörterbuch gesicht gëtt.