Mat der Rentrée 2020 ass déi completéiert an aktualiséiert Orthografie vum November 2019 eleng a Kraaft, dat mellt den ZLS en Dënschdeg.

Ëm 1,5% vun de ronn 30.000 Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ware vun der neier Orthografie betraff, déi et jo schonn zënter dem 15. November 2019 gëtt. Zënter deem gouf et eng Zort Transitiounsphas bis d'Rentrée 2020/2021. Vun elo u gëllt awer ausschliisslech just nach déi completéiert an aktualiséiert Orthographie.

Eleng um Weekend vun de Walfer Bicherdeeg goufe bal 1.500 Exemplairë vun der neier offizieller Orthografie verdeelt, 4.000 Bicher goufe virbestallt. Mëttlerweil gëtt et schonn eng 3. Oplo, 13.000 Bicher goufen ënnert d'Leit ewell bruecht.

Déi offiziell Referenz vun eiser Sprooch kritt een dann och nach ëmmer gratis beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dat per Mail (lod@lod.lu). Hei soll een dann och seng Adress uginn.