De Lëtzebuerger Steve Kaspar war virun allem fir seng Musekskonscht, Performance a Molerei bekannt.

De Stater Kënschtler Steve Kaspar ass e Méindeg relativ onerwaart gestuerwen. Hie gouf 68 Joer al.

Very sad news.... De Musiker a Kënschtler Steve Kaspar as gëschter plötzlech gestuerwen. En haat nach souvil Projeen. Äddi Steve, R.I.P. Hei eng Photo am Melia während eisem Projet "Recovering" 2011.

Gepostet von Hans Fellner am Dienstag, 6. Oktober 2020

Zënter Enn de 90er Joren huet de Steve Kaspar virun allem mat Video, audiovisuellen Installatiounen a Klangkompositioune geschafft. Ënnert anerem huet hie Concerten a Performance-Optrëtter gemaach a mat Kënschtler wéi dem Yuko Kominami, dem Ensembel United Instruments of Lucilin oder dem Cellist André Mergenthaler zesummegeschafft.

Ee vu senge leschte gréisseren Optrëtter war den 30. Januar an der Kulturfabrik, hei war hien als Support Act virun der weltbekannter Drone-Formatioun "Sunn O)))" opgetrueden.

RIP Steve Kaspar🕊💜🙏( Foto François Besch)

Gepostet von Patricia Annette Huberti Lippert am Dienstag, 6. Oktober 2020