Prix Marcel Duchamp 2026Präis vu 26. Editioun geet u belsch-lëtzebuergeschen Duo

RTL Lëtzebuerg
De Kënschtlerduo, bestoend aus dem David Brognon an der Stéphanie Rollin huet de prestigiéise franséische Präis fir zäitgenëssesch Konscht gewonnen.
D'Stéphanie Rollin an den David Brognon.
D'Stéphanie Rollin an den David Brognon.
© RTL Archiv

Dotéiert ass dëse mat enger Expo an engem Präisgeld vun 90.000 Euro.

De Prix Marcel Duchamps gëtt zanter 2001 verginn an ass nom franséische Konzeptkënschtler benannt. E gëtt all Joer vun der Association pour la Diffusionu Internationale de l'Art Française (ADIAF) verginn a gëllt als ee vun de prestigéiste Präisser an der franséischer Konschtzeen.

Den David Brognon ass an der Belsch an d'Stéphanie Rollin zu Lëtzebuerg gebuer, ma béid Kënschtler wunnen haut am Grand-Duché. Bei hirem Wierk louch de Fokus op gesammelte Jetonen, déi fréier Alkoholiker bei Selbsthëllefgruppe kréien, fir hire Progrès ze feieren.

E weidere gréissere Projet zu Lëtzebuerg vun den zwee Kënschtler war iwwregens d'Droneshow am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025.

En Artikel, dee mir no der Nominéierung vum Duo Brognon-Rollin publizéiert hunn, sou wéi och weider fréier Reportagen iwwert si, fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO