Fir jonk GesangstalenterDrëtt Editioun vum "You Can Sing"-Concours

Sandy Elsen
Et soll eng nach méi ambitiéis Editioun fir jonk Sängerinnen a Sänger sinn.
YOU CAN SING 2026
© Rockhal

Nom grousse Succès vun den zwou éischten Editioune geet "You Can Sing" an eng drëtt Ronn.

Organiséiert vun der Rockhal am Partenariat mat der Raiffeisen Bank a mat RTL als Mediepartner, bitt dëse Concours 16 jonke Gesangstalenter eng eenzegaarteg musikalesch Erfarung: Si dierfe viru groussem Publikum op der Bün vun der Rockhal optrieden!

Mat dësem Concours wëll ee jonk Nowuesstalenter fërderen an hinnen eng éischt Bünenexperpienz erméiglechen.

Virun deem grousse finalen Optrëtt, de 9. Januar 2027 am Rockhal Club, ginn d'Nowuesstalenter vu 4 bekannte Lëtzebuerger Kënschtler encadréiert a gecoacht.

Ënnerstëtzt gëtt déi 3. Editioun vu "You Can Sing" nämlech vum TALI, der Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest 2024 a vum Laura Thorn, der Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest 2025, déi de Stëmmcoaching mat de Participante maachen.

Fir de Bünecoaching ass den EDSUN zoustänneg.

Marraine vum Projet ass d'Eva Marija, d'Gewënnerin vum LSC 2026. Si wäert déi jonk Talenter als Mentorin ënnerstëtzen.

Zousätzlech zu de personaliséierte Coaching-Sessiounen an hiren individuellen Optrëtter, hunn d'Finalisten d'Geleeënheet, d'Kulisse vum Luxembourg Song Contest 2027 ze entdecken.

Et ginn aussergewéinlech Präisser ze gewannen:

  • Ee professionelle Coaching-Programm am Rocklab, a Partnerschaft mat der Raiffeisen Bank
  • Zwee Tickete fir de Luxembourg Song Contest 2027
  • Eng exklusiv Backstage-Tour wärend de Prouwe fir de Luxembourg Song Contest 2027

Wéi kann ee matmaachen?

Déi jonk Sängerinnen a Sänger déi interesséiert sinn, hunn d'Méiglechkeet, sech bis den 9. November 2026 um Site vun der Rockhal fir de "You Can Sing" anzeschreiwen.

Si mussen e Video matschécken, an deem si e Lidd vun hirem Choix interpretéieren.

Back to Top
CIM LOGO