No engem Joer Paus gouf nees d'Jugendwuert vum Joer gewielt. Dräi englesch Begrëffer stoungen der Jury zur Auswiel.

Schlussendlech ass de Choix op "Lost" gefall. En Ausdrock fir Persounen, déi sech onsécher oder komplett anungslos verhalen.

Am Internet konnten Teenager hir Virschléi areechen. Déi bescht 10 goufe bäibehalen. Dorënner "Wyld/Wild", mat deem jonk Leit eppes Besonnesches oder "Krasses" ëmschreiwe wëllen oder "Cringe" als Ausdrock fir eppes Peinleches oder Onangeneemes.